Retronom

Retronom

Radio 100,7
Страна Люксембург
Жанры Новости
Язык LB
Эпизодов 1
Последний 15.10.2026

Retronom ass e wëchentleche Podcast op Lëtzebuergesch, dee vum Radio 100,7 produzéiert gëtt. D’Historiker Pit Péporté a Vincent Artuso huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Lëtzebuerger Geschicht. An all Episod gëtt en Thema aus der Vergangenheet vum Land verständlech an ënnerhalend erkläert. De Podcast richt sech u jiddereen, dee sech fir Geschicht an d’Lëtzebuerg interesséiert.

Эпизоды

  • Lëtzebuerg: Tëschent Resistenz a Collaboratioun – Eng Famill wiesselt d'Säiten 15.10.2026
    Wie war e Collaborateur a wien e Resistenzler? D’Äntwert war net ëmmer esou einfach, wéi ee mengt – d’Geschicht vun enger Escher Famill weist souguer, dat ee souwuel dat eent, wéi dat anert konnt sinn. Weider Informatiounen zum Theema: Vincent Artuso, La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale (1940–1945). Accommodation, adaptation, assimilation. Luxemburg Studien/Études luxembourgeoises, 4 (Frankfurt am Main, Berlin, Bern et al., 2013).
  • Interview mam Pit Péporté a Vincent Artuso 10.10.2026
    Déi zwee Historiker erzielen, wat et mam neie Podcast Retronom op sech huet
  • De Roude Léiw ass e Migrant 08.10.2026
    En ass zënter bal 800 Joer e Symbol fir Lëtzebuerg. Mee wou kënnt de Roude Léiw hier? Eng Spueresich féiert an d’13. Joerhonnert, bei déi deemoleg Grofefamill, hir Kricher an hir Allianzen. Weider Informatiounen zum Theema: Michel Margue, De Roude Léiw, in: Sonja Kmec, Benoît Majerus, Michel Margue, Pit Péporté (Ed.), Lieux de mémoire au Luxembourg (Lëtzebuerg, 2008), S. 261-266. Mike Richartz, “Les origines limbourgeoises des armoiries du Luxembourg: nouvelles donnes”, in: Hémecht, Bd. 77, 2025/3, S. 261-296. 

Популярен в

Этот подкаст также попадал в подкаст-чарты этих стран.