Erklär&Laach

Erklär&Laach

Baschti, Philippe a Joe
Shteti Luksemburg
Zhanret Comedy
Gjuha LB
Episode 147
I/E fundit 25.05.2026

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Episodet

  • Ep.135: Blanne Jang Grindset 25.05.2026 47min
    Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine. De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals, Grillfester a Bukkakeorgien.
  • Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop 12.05.2026 1h 10min
    Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus Pornoe kennt.A mir liwweren, Vollprofien di mer jo awer sinn, scho Cliffhangeren op déi nächst Fold. Vläicht gëtt déi besser wi di hei. Mee warscheinlech net.
  • Ep.133: Hamster am Goldfëschglas 28.04.2026 1h 6min
    An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung.De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet.Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik an hëlt eis bei der Hand, fir den alldeegleche Wahnsinn ze verschaffen. 
  • Ep.132: Tankstellen-Talk op der Récksäit vum Mound 13.04.2026 56min
    Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten:Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a wéi eng kann een an d'Poubelle trëppelen? Dat suergt bei eis 3 Lokalmatadoren fir hëtzeg Diskussiounen...Donieft geet et ëm eng zimlech absurd Affär: ronn 12 Tonne KitKat, déi op eemol verschwonne sinn. A fir e bëssen méi wäit ze kucken: Mir schwätzen och iwwer d’Artemis-Missioun an d’Fro, firwat d’Mënschheet erëm op de Mound wëll – a firwat eng Tankstell do Sënn maache géif.Eng Episod mat Humor, Fakten an e bësse Chaos. Du weess habib
  • Ep.131: Domm gelaf 23.03.2026 57min
    Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here).Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag, iwwer Laf-Kontroversen rondrëm de Bobfit, bis bei - jo tatsächlech - e puer faktesch korrekt Fun Facts. Jo, an dëser Folg kann een eppes léieren, sorry dofir.
  • Ep.130: Aaschbomm mam Raphael Stacchiotti 02.03.2026 1h 10min
    An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een, dee mir säit eisen Ufäng (mir hunn eist Podcast-Séipäerdchen 2019 gemaach) schonn ëmmer wollten dobäi hunn:Riets geet natierlech vum Pool-Philosoph, Welleflüsterer an net ze vergiessen 4-fachen Olympionik fir Lëtzebuerg, de Raphael Stachiotti!Zesumme mat eisem Gaascht huele mir iech mat op eng Rees mat (plazeweis) Déifgang an enger gudder Schlupp Chlor.
  • Ep.129: Awer nees an d'Suckel kritt 04.02.2026 57min
    Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi net vu gloräichen Zäite bezeien, mee eng Metapher sinn fir d'Vegänglechkeet vum Liewen. Genau sou wéi e puer aner wouer Geschichten, déi mir iech an dëser Episode verzielen. Plus natierlech vill Blödsinn. Praise the lord.
  • Ep.128: Genuch an d'Suckel kritt 19.01.2026 1h 5min
    Zwou Wochen. Dat ass anscheinend genuch Zäit am Joer 2026 fir d'Welt komplett op d'Kopp ze stellen. Vu Venezuela iwwer Grönland bis an den Iran gouf am neie Joer direkt mat der geopolitescher Bazooka geschoss, wärend mir 3 nach am wuelege Wanterschlof waren.Mee de Podcast mat Primärschoulniveau ass lo nees do an dréit zum Chaos™️ bäi. Kommt mat eis an en auditiivt Wonnerland, wat alles bitt: Vun Aktualitéitssujeten iwwer Chinaphobie an Existenzängscht bis bei déi meeschtgenotzten Nimm zu Lëtzebuerg. Happy new year?
  • Ep.127: Äddi 2025 23.12.2025 1h 6min
    - Guerilla sponsored by Luxlait (dat heescht si wëssen nach näischt vun hirem Gléck -Fir den Ofschloss vum Joer fir jiddereen e bëssi manner ronn ze maachen, melle mir eis nach eng leschte Kéier, direkt virun de Feierdeeg. Wann dir also an den nächsten Deeg bei äre "Léifsten" um Dësch sëtzt, dem Food-Koma schonn no, a keng Loscht méi hutt op e besënnlecht Mateneen, dann ass hei är Chance. Schläicht iech fort a lauschtert verstoppt ären dräi beschte Monnien no. Mat enger gewinnter Mëschung aus schlechte Witzer, politesche Fake News an Hallewwourechten, plus dem éiwege Je-ne-sais-quoi vun eisem Dräiergespan, kréie mir d'Feierdeeg ouni Problem fir jidderee versaut. hdgl
  • Ep.126: TAUMEL Awards 2025 08.12.2025 1h 16min
    Et ass nees Zäit fir de grousse Joresréckbléck an d'Verdeelung vun de prestigeträchtegsten Awards an der Groussregioun. D'TAUMEL Gala bitt dëst Joer nees déi albekannt Kategorien wéi de Vull vum Joer, awer och Neies, wéi de beschte Fetish. Ditt äre feinsten Zwirn un a kuckt mat eis zréck op e méi wéi duerchwuessent Joer!
  • Ep.125: Synapsekierfecht 01.12.2025 1h 3min
    Pünktlech fir d'Adventszäit kënnt Neies vun den dräi Bouwen, deenen hir Schaukel als Kanner ze no un der Mauer stoung. Mir maachen de Rapport d'activité vum Joer 2025 a kucken an engems no vir: Wat gëtt et dëse Wanter zu Lëtzebuerg ze dinn, wéi kann een an der Belle Etoile vun deene beschte Präisser profitéieren (oder net), a virun allem: Wat huet et mam Ben Olinger Phänomen op sech?
  • Ep.124: Wat ass déi beschte Stad am Land? 10.11.2025 59min
    Häerzlech Wëllkomm zréck bei den Haupeschbléiser ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Mir hunn eng ganz speziell Folleg fir iech, frësch aus dem Schäffchen an nach gutt waarm: Tëscht Haftbefehl-Mania an neien New Yorker Buergermeeschteren hu mir och eng Prise vun deene wierklech wichtege Sujete mat an d'Mëschung gebak: Wat ass eigentlech déi beschte Stad vum Land?
  • Ep.123: How do you do, fellow kids? 27.10.2025 39min
    Iergendwéi si mir duerch eis altersbedéngt Ersatzgebësser net méi um Zannt vun der Zäit. Wat ass geschitt? Wéini hu mir opgehal, jonk an domm ze sinn, an ugefaang, al an domm ze sinn?Wéi bei enger zolitter Quarter Life Crisis loosse mir eis dat net soen a probéiere verbass, fir nees Uschloss un d'Jugend ze fannen. Dir kënnt dat lo cringe fannen, mee wann dir dat Wuert nach benotzt, sidd dir och scho laang net méi Deel vun der hipper Jugend. Schach. Matt.
  • Ep.122: Ass de Guillaume de GOAT Lëtzebuerger? 15.10.2025 1h 2min
    Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass. Dofir schwätze mir an dësem Podcast nëmmen iwwer rechtlech konform Themen: Alles, wat d'Regierung richteg mécht, firwat de Grand-Duc esou fantastesch ass, a wat mir un eiser Lëtzebuerger Grammaire gutt fannen. Ooooder mir bleiwe bei eisem jorhonnerten ale Mix aus Brach, Blödsinn a Bullshit. Lauschtert eran fir rauszefannen, ob mir eis fir déi hell oder déi däischter Säit vun der Muecht entscheed hunn.Klenge musikalesche Plug: Parity - ID.
  • Ep.121: Good Vibes Only 01.10.2025 49min
    Mir probéiere vum Trounwiessel bis Tonga just positiv Neiegkeeten zouzeloossen, fir dem groen Alldag vun eiser Zäit ze entgoen. Wéi sou vill Projete vun eis, vun der Schoulkarriär, iwwer Duck Féiss, bis bei eis Liewensziler, geléngt dat awer net sou richteg... Mee ëmmerhin: Dës Folg ass vun eisem Inklusiounsbeoptraagte validéiert ginn!
  • Ep.120: Erklär&Rentrée 22.09.2025 58min
    De Cirque du soleil ass nees am Land, a mir hunn iech eppes aus der Vakanz matbruecht: ee Cancel-Culture-resistente Cocktail aus Réckbléck an Zukunftsmusek, mat vill Äis a wéineg Inhalt.Häerzlech Wëllkomm fir eng nei Staffel vun "Wéi laang kënnen se um Rand vum Vulkan danzen, bis se drafalen?" mat ären dräi Hosts, dem Gast Vogel jr., Raoul Roos a Joseph Bech.
  • Ep.119: Lescht Limoncello Lounge 08.07.2025 1h 5min
    Ee leschte groussen Hurrah virum Summer an eng lescht Dosis Anti-Histamin fir all eis Intelligenzallergiker. Mir gesinn eis eng final Kéier fir dës Saison, éier mir eis kreativ Batterien (di kleng ronn, di net laang halen) nees oplueden. Éier de Philippe also seng gefillt 10. Weltrees start, de Joe de ganze Summer iwwer Kazen aus Beem rett, an de Baschti sech op Menorca a sengen Hedge-Fonds-Suen wänzelt, kënnt hei nach emol de gewinnte Cocktail: Wéineg Inhalt, domm Witzer, onsécher Informatiounen, vill Léift.Edit: No der Verëffentlechung vun dëser Folg hu mir Feedback vu verschiddenen Nolauschter*inne kritt – et goung ëm Aussoen, déi fir déi eng oder aner Persoun net ganz onproblematesch waren. Dës Aussoen goufen dofir an der neier Versioun vun der Folg 119 erausgeholl.Fir et awer nach emol ganz kloer ze soen: Mir sti fir en oppenen, inklusiven Humor - et ka jiddereen eemol treffen, mee et ass och jidderee bei eis wëllkomm, ouni Ausnam. Schéine Summer, a bis geschwënn.
  • Ep.118: EU SPECIAL ⎸ 3 Idioten am EU-Parlament 30.06.2025 1h 15min
    Den Zirkus reest op Bréissel!De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu mer natierlech direkt zougesot, eis kontrovers Meenungen an eng Valiss gepaak a si mam décke V12 op Bréissel gedüst.Niewt eisem üblechen Gefasel hu sech och dräi EU-Deputéiert an eis Ronn gesellt: d'Tilly Metz, de Charles Goerens an d'Isabel Wiseler-Lima. Merci, dass dir eise Blödsinn mat enger Portioun Intelligenz an Inhalt beräichert hutt!Disclaimer: Dëse Podcast ass d'Resultat vun intensiver Lobbyaarbecht vum Joe Dennenwald.
  • Ep.117: Summer, Sonn & Shitstorm 16.06.2025 1h 4min
    Mir lauden offiziell de Lëtzebuerger Summer an - denkt u Stauséi, Terrassen & laang Nuechten mat den Homies an Queens ënner fräiem Himmel. Fir den Optakt vun den dräi eenzege Méint mat genuch Sonnenastrahlung fir Depressiounen ze vermeiden ze feieren, zerwéiere mir eng frësch Mëschung aus héchst schwieregen Aussoen, domme Witzer an inhaltslosem Gesabbels. Mir empfehlen, dëse Podcast beim Aschlofen, FLF-Bashing oder wärend Orgien ze lauschteren.
  • Ep.116: Alternativen Zeenewiessel 02.06.2025 1h 10min
    Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppes iwwer Frituren, fir de kurzweilegen Nolauschterer spille mir Entweder/Oder a mir maachen natierlech lauter domm Witzer op Käschte vu Minoréiten, Majoritéiten an eis selwer.

I/E popullarizuar në

Ky podkast shfaqet edhe në listat e podkasteve të këtyre shteteve.