Paus.

Paus.

Jill & Yannick
Shteti Luksemburg
Zhanret Comedy
Gjuha DE
Episode 234
I/E fundit 30.05.2026

De Podcast 'Paus.' vum Jill & Yannick bitt ënnerhalend Inhalter, meeschtens op Lëtzebuergesch. D'Episoden decken eng breet Palette vun Themen of, vu perséinlechen Anekdoten bis zu kulturellen Diskussiounen. D'Hosts deelen hir Meenungen an Erfarungen op eng humorvoll an authentesch Manéier. De Podcast ass iwwer verschidde Plattformen wéi Spotify an Instagram verfügbar.

Episodet

  • #184 Dee mat de Lëtzebuergays 14.06.2026 1h 57min
    Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert. Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen!  Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei der Männer-Fussball-WM a MyGuichet.lu-hate.  Tëscht Gebuertsdagskaddoen, Generatiounskonflikter a gehumbleden Egos gëtt vill "gelar" an eng "Obsession" mat "Backrooms" beschwat. Mat dobäi sinn och: Tattoos, memories, Schoethe, kongoleesesch Outfits, de Rucolino, de Colman Domingo an eng nei TikTok-Serie. Et bleift ze klären: Ass d'Rue am Sonnenënnergang oder an der Hell? Wien sinn d'Ënner Tittel an d'Miss Chievous? A wéi hydratéiert sinn d'Geschlechtsdeeler zu Lëtzebuerg?
  • #183 Dee mam Mord vum Cédric 30.05.2026 2h 16min
    Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only! Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon. Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg ëm den 2. Agenda, de Lavalott an Empörung an der oppener Schwemm.  Vläicht schreiwe mir haut e klengen Text, vläicht léiere mir endlech Bio fäerdeg, mee vläicht recaste mir och einfach d'Sarah Engels als Samantha Jones.  Mir beschwätzen d'Paus.-Kritik vum 100,7, d'"Chicago Bulls" an hirer Prime a Methadon fir "Ted Lasso"-Fans, awer och Frëndschaftstrennungen, Gay Business zu Marrakesch a Mammen, déi hier Kanner am Stach loossen.  Froe ginn och nees gestallt: Ass "Un aller simple" am Fong "L'étranger"? Sinn "11 Freunde" am Fong d'"Kickers"? A stëmmt iwwerhaapt eppes, wat mir zielen?
  • #182 Dee mat der Botox-Fee 16.05.2026 1h 24min
    Berouegt iech emol alleguer! Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng faszinéierend Maschinn op eis Wonschlëscht geschriwwen a liesen aus eisem geheime Journal vir.  Et dierf een zwar näischt méi soen, mee Plaz fir psychologesch Studie bleift ëmmer – haut ënner anerem zu den Theme "kleng Veloskapen", "Déifferdeng", "Timmy" an "underrated Spice Girls Lidder". Et ginn och nees Froe gestallt, ewéi zum Beispill: Wou ass d'Disco hin? Wéi laang kann ee Bio léieren? A wat der Däiwel ass eng Schmëtz?
  • #181 Dee mam maale Rosalía 02.05.2026 1h 35min
    Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf.  Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio, Kölner (méi oder manner) Promis, e mäerderesche Buchtipp an e Powernap op der Wildwasserbahn.  Den Dresscode ass "Kommioun", mee och "Nuesschnappech an Zwier", d'Theme schwanken tëschent Ragebait a Meenungsfräiheet, mee virun allem geet et ëm Concerten a (Safe)Spaces.  On top ginn et Ehrenfelder Entdeckungen, d'Rettung vun der Lëtzebuerger Kulturzeen an en Touch Diddelenger Rondpoint!  Wat huet d'Fran Fine mat "Der Besuch der alten Dame" gemeinsam? Wisou hu mir kee Meebam kritt? An huet d'Rosalía am Fong en Album iwwer Saumon geschriwwen? All dëst a méi... haut bei Paus.
  • #180 Dee mam (feelende) Schummen 18.04.2026 1h 24min
    Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do!  Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the Furious – Tokyo Ofdrift" heeschen. Maacht iech also prett fir Themespréng vu "Coachella" bis Militärmusik. Ënner anerem geet et ëm d'Weltrettung duerch d'Zara Larsson, d'Reallife-"Kimmy Schmidt", gudde College-Schäiss, e super Comeback an unexpected crushes.  Mat dobäi sinn och e skandaléise Vëloswee, Neies vum Epiphanie a ganz vill Choixen: Dekan oder Rektor? "Iron Man" oder "Cuntnbury"-Festival? Kou oder Auto? Dir sidd net prett!
  • #179 Dee mat der Clientskaart am "RITUALS" 04.04.2026 1h 30min
    At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi beschten Hondsnimm, eng sënnvoll Petitioun an Hëllef bei engem laang iwwerfällege Rebranding: Männer! E puer Gudder hu mir och scho mat am Gepäck: den Tino Marino, de Jean Jujarin, den Hugo Gernsback, den Daddy Lilah an de Ryan Gosling (am Weltraum). Tëscht feelender Selbstreflexioun am Eenzelhandel an engem grandiose Serienfinale gëtt em Liicht am Donkel vum Musiksschoul-Gossip gebueden an iwwer eng skandaléis "Drag Race"-Decisioun geschwat, mee et bleift nach genuch Zäit fir Grondkenntnisser an der Eeërsich (zu Berlin a Folsom) ze vermëttelen an national TikTok-Crushes ze analyséieren.  Wéi ëmmer gëtt och villes hannerfrot: Wat ass "Pacing"? Wat wär an der kierzter Slideshow vun der Welt ze gesinn? Haasst den Timothée Chalamet d'Jill? A wisou geet et hei esou vill em Insekten?
  • #178 Dee mam Filmfest-Féiwerdram 22.03.2026 1h 21min
    Et ass 5 vir 12 (fir dem Yannick seng Nerven)!  De séisse Poetiker Paco an d'obnoxious Fra am Fliger sinn zwar dout vu bannen, mee trotzdeem do, fir mat iech alles Wichteges aus de leschten zwou Wochen ze beschwätzen – ënner anerem geet et ëm en onproblematesche "Royal Court", e problematesche Promi-Fall, d'Menopause bei de Sopranos an dem Ricky Martin säi Chihuahua. Et werfen sech nees pertinent Froen op, ewéi zum Beispill: Kënnen Englänner*innen automatesch Franséisch? Wien ass d'Rosalia vu Lëtzebuerg? A wisou si ganz vill Männer op eemol juristesch Experten (UNSCHULDSVERMUTUNG!!1!!!11!!!)?
  • #177 Dee mam Organhandel am Spa 07.03.2026 2h 7min
    Är relatable Hustlers – a.k.a. d'lëtzebuergescht Gina-Lisa an den Thanos vun de Männerentschëllegungen – sinn endlech nees do an hunn eng Folg an Iwwerlängt mat dobäi! Tëscht Fatima-änleche Visiounen, engem wichtege Lipödem-Opruff an dem taktloseste Lidd um Sat.1 enthülle mir dem Christine säi "Lieblingsplatz", berichten déi explosiivst Geschichten (Net laachen!) an David Lynch-änlech Erzielungen. Endlech gëtt och "Heated Rivalry" beschwat, decidéiert, wat ee mat ganz ville Suen maache kann an opgekläert, wou d'Discokugel erfonnt gouf. Mat on air sinn eng Sekten-Influencerin, d'Bitch vun Halloween, d'Désirée vun Esch an d'Isabelle vun Thionville, ausserdeem eng witzeg Barbe à papa, den "Airbud", eng literaresch wäertvoll Berliner WG, "T42" an d'"ARBED". Et gëtt och nees vill gefrot: Wéi ass dem Ilya Rozanov seng Squat-Routine? Ass den Tony Soprano en Opernsänger? A wat hunn d'Nina Hagen an d'"Foo Fighters"(leider) gemeinsam?
  • #176 Dee mat der Hepatite am Heizungskeller 21.02.2026 38min
    Et ass Zäit fir Deel 2 vun eiser Episod! Mat dobäi sinn d'Rita an de Rafael, d'Anna Delvey vu Lëtzebuerg an de vulgäerste vocal stim. Et geet ëm nerveg Leit zu LA, Buddhismus op engem Been, Kräische mam Shakespeare an "The Jills have eyes".  Alt erëm gi vill Froen opgeworf, ewéi zum Beispill: Gëtt et eng nei "Sunlicht"-Affär? Wéi grouss ass den Ënnerscheed tëscht Freigeist a Luftikus? A natierlech: Can I quiz you on some ocean facts?
  • #175 Dee mam Familienzwist & der Zwietracht 08.02.2026 39min
    Hochzäitssträit! 17-järeg Mammen! Geschlechtskrankheeten (duerch Zopp)! UNISEX-TOILETTEN! Déi hei Episod huet alles. D'Susan Sarandon an d'Goldie Hawn aus der Lëtzebuerger Podcastwelt spieren d'Fréijoer an zerwéieren iech haut comédiséiert Vulgaritéit, Geröllheimer Gays an en Touch "Chicago".  Dierf een säin Therapeut emaarmen? Ass d'North West d'Erika Mann vu senger Zäit? An ass d'Zahide de Mozart? All dat a villes méi gitt dir an der kierzter Folleg säit laangem gewuer. An de Grond dofir natierlech och.
  • #174 Dee mam Gebrachginn vum Erich Kästner 24.01.2026 1h 24min
    Haut gëtt et Eskapismus vum Feinsten mat antiker Housewives-Konscht, Beckham-Meme-Gold an Tradwife-Mentalitéit aus der Lëtzebuerger "TikTok"-Szeen. Tëscht Anefuerschung a BDSM-Storyen gi kënschtleresch Kéip gemoolt, sech vill geräuspert a Leit geblockt.  Mat dobäi sinn ënner aanerem d'OG-Barbara, d'Fatima vum "Alima", eng besonnesch delusional Drag Queen an "Die 20 Wildesten".  Mir froen eis: Si mir vläicht an der "Truman Show"? Wou läit de "Mount Rashomon"? Wee vun eis ass "It's a small world" an enger Persoun a ween ass Famill mam Michel Sardou?
  • #173 Dee mam singenden Telegramm 11.01.2026 1h 33min
    Am neie Joer ass bei ärem Liblingspodcast alles beim Alen: Et gëtt sech ënnerbrach, dass d'Fatze fléien, mat 300 Dezibel gelaacht an d'Thema am Sekonnentakt gewiesselt – haut ganz nom Motto: "Nach müd' kommt blöd". Spontan ewéi e Stëppche starte mir an d'Joer Nummer 7 (!) a mat dobäi sinn zum Beispill d'Kim aus Amerika (a seng Regime-Pokemons), d'"Rocky Horror Picture Paus" an e nationale Podcast-Orbituary. D'Deeg no Silvester ware stresseg: Mir ware mam Tommy Schlesser beim James Bond, um Enn am Theater a mam Remi Malek zu Mondorf. Do bleift just nach ze froen: Who puts the "boff" in "Bofferding"? Steet den T an "LGBTQ" fir "terrorist"? An hu mir vläicht aus Versinn d'"Rockhal" kaf?
  • #172 Dee mam putegen Outfit 31.12.2025 1h 40min
    Wëllkomm bei der "Rocky Horror Uptight Show" mat äre Sisters aus der "Orangerie"! Am grousse Réck- a Viirausbléck 2025/26 ginn et esou hallef informativ News fir d'neit Joer, de Yåkz am "Alpha Male"-Modus (lusch an der Dusch) an eng ruinéiert Welttour (Tortikolli). Tëscht Chaos a Comfort Zones berichte mir och iwwer Böller-Budgets, den Doud vum Museksvideo an e rietsen Aarm, deen no lénks weist. Natierlech sinn d'obligatoresch "Stranger Things"-Mutmaßungen mat dobäi, plus e Projet fir "Spotify" an "ZLS" an e klenge Fësch zu Gran Canaria.  An op de leschte Meter vum ale Joer gi selbstverständlech nees wichteg Froe gestallt: Wou sinn d'Husbands? Kréie mir eng Plaquette an der "Belle Etoile"? Wei ee geheime Virsaz gouf heemlech ëmgesat? A wéi funktionéiert eigentlech Recycling? Happy new year!
  • #171 Dee mam Twerken am Asia Market 23.12.2025 1h 39min
    Surprise a god jul! D'indirekt Chrëschtdagsbeliichtung ënnert de Podcasts guidéiert iech duerch dem little baby Jesus säi grousse Moment an huet net Weirauch, Gold a Myrrhe mat dobäi, mee suspicious silence, Tattoo tea an d' wicked witch (flip it around). Et geet haut ëm "Spotify"-Ageshaming, penibel Ufroen un de Bréifdréier, random acts of kindness an (in-)kompetent Mënschen an an ausserhalb der Chamber.  Mir trotzen dem drohende Weltënnergang mat "Dangerous Minds" am Prisong, verroden eis Hochzäitspläng, Iddien zu "Richtung 22" an déi bescht Jugendwierder vun de Millennials. Oflenkung vun ze vill Iessen, ustrengende Familljememberen an enttäuschende Kaddoe gëtt et mat wichtegen Themen ewéi Pumpen beim Baken, dem kierzte "Stephen King"-Film an Appartementer zu Oz. Mat um feierlech gedeckten Dësch sëtze wichteg Leit ewéi de Brice de Nice, de Yoshi, dem Diddy seng al Assistentin, d'Johanne an de Fioré.  Natierlech ginn et och an de besonnesch feierleche Stonne vum Joer wichteg Froen ze klären: Wien trauert mat Pyrotechnik? Ass de Supermarché déi nei Disco? Si mir de neie "Marc Thoma"? An ass de Ben Olinger "das Beziehungsomen"?
  • #170 Dee mam bloe Fuedem 14.12.2025 1h 13min
    Léif Dammen, Hären a non-binary friends... D'Joer geet dem Enn zou an d'Maria an de Jesus aus der Podcastszeen ("Lux"-edition) si prett fir d'Chrëschtdeeg esou besënnlech ewéi méiglech ze maachen: vu réierenden Doppelmaus-Momenter iwwer ëffentleche Liebesbekundungen bis hin zu spaassegen Aufgabe fir är Adventszäit ass alles mat dobäi! Dir musst d'Land net verloossen, fir internationale Feeling ze kréien, well mir sinn Europa a Podcastform: Haut gëtt et italieenesch Riviera mat Chrëschtdagshannergrond, d'ëmwerfend polnesch Sprooch, Mënschenhaass zu Paräis a finnish people (hello hello)! Et bleift just nach ze klären: Ween ass de Berghain vu Lëtzebuerg? Wat leeft donneschdes owes am "Melu"? A wat ass e "social ninja"?
  • #169 Dee mam "Not Claire in Luxembourg" 29.11.2025 1h 36min
    Get ready for a very special "Kaffiskränzchen" because Luxembourg's meme queen has finally knokk-ed on our door: "Not Claire in Luxembourg" will be dropping AND spilling the T in a new "Paus."! The future grand duchess talked to Gillian and the man with many fans about Luxembourg lore, possible lawsuits, famous followers and bisexual icons. In this multilingual episode your new favourite throuple chats about the "Lëtzebuerger Filmpräis", similarities between the Grand Duchy and Ireland, period shaming and the "Polvermillen" black hole. The ingredients of a good meme, the Luxembourgish word of the year and the difference between "expat" and "immigrant" are also on the agenda. Plus: the Mandela effect, "Guinness" insider knowledge, memin' and dreamin' in Delululand and possible future dating partners. Will Rosalía x "Philharmonie Lëtzebuerg" be happening? What's a gúna? And why do we hate Liechtenstein? LETZ figure it out!
  • #168 Dee mat der musikalescher Offenbarung 15.11.2025 1h 27min
    Null-sechs-neun!! Babahaft! Hildegard! Berghain!  D'Britt an de Ricky si nees do, vläicht sinn et awer och d'Fräulein Knüppelkuh an de Ralph Wiggum – egal wéi ginn et haut nei Geschichte vum Schlësselroman ënnert de Lëtzebuerger Podcasts: Mir gi bei d'Metzlersmeedercher, iesse Bulletten am Bus a riichten eng Petanquespist an der Stuff op.  D'Mme vu Losch, d'Mme Pieppieppiep an dat klengt Tendinite sinn och mat dobäi, genee esou wéi den éischte Gay-Crush an "Dolce & Gabbana" aus der Filmbranche. Et geet ausserdeem em "Eggnog"-Fans (feat. Toni), eiser aller Buergermeeschter, Ofstëmme mat Riets a Rap-Doku-Pläng mam "Filmfong". Gëtt et en neit "Girls"? Wien disst säin Ex zu Walz-Musik? A wie gëtt hei beim Sport gefilmt? Falls dir genuch Sëtzlieder op den Ouere gutt, gitt dir et elo gewuer.
  • #167 Dee mam grousse "Cactus"-Seenen 02.11.2025 1h 20min
    Allerhellegen ass schonn eriwwer a Chrëschtdag steet an de Startlächer... dat ass QUÉISI!!!!! Hei gëtt fir d'éischt awer emol nach d'Fréijoer gespuert a sech no vir gedréckt fir eng nei Episod vun ärem Liblings-Podcast. Et gi Supermarché struggles,  "british pettiness", eng Attack vun der Plüschwuerzel a "Shawshank Redemption", mee och "Paus. and friends" mam Luc an onerkannten Halloween-Geschwëster. De Line-up ass haut extra fantastesch, well mat dobäi sinn den Oskar, d'Buergermeeschtesch vun der Welt, de Yannick am Heterosexuellen, Honken vun der ADEM de Michel Sardou (feat. "Escher Musik").  Do bleift just nach ze froen: Wat ass en "Chicken Tachycardien"? Huet "Paus." de "Yungblud"-Concert ausverkaf? A natierlech: Wer stiehlt mir den TEQUILA!?
  • #166 Dee mam Beth Ditto sengem Brownie 18.10.2025 1h 27min
    Déi least relatable people on earth berichten haut quasi live vum 30-järege Jubiläum vun hirem zweeten Doheem alias "Den Atelier": War den James do? Wee krut op de Fouss getrëppelt? Wéi ass de Backstage? All dat kritt dir an enger mëtternuechtlech-midd-dommer Episod geliwwert. Mee CALN ZHOWN, well et gëtt nach méi: Mir sëtze mam Forrest a mam Lana op der Bänk, schwätzen iwwer spawnende Lipödem, "Mister Bear"-Gossip a Fässer, déi ni zou sinn. An dëser Folg ginn et ausserdeem nach FOMO bei der "Luxlait", Fächeren am Kaffi an dat anert coolt Claire, mee och K-Pop Demon Hunters, e Mäerder bei der Police, eng Männerkleeder-Moudenikon an de sixpackegste Musikvideo vun allen Zäiten.
  • #165 Dee mat der Welttour zu Wickreng 05.10.2025 1h 19min
    Um Weekend vum Trounwiessel hunn de lëtzebuergesche Serj Tankian an d'Emo-Mrs.Doubtfire net just eng Laachkris mat Houschtufall (Erkältungszäit, dir wësst Bescheed) dobäi, mee och Content Creator-Kloertext, e Kollektiv am Kino a Kriisemanagement an der Branche.  D'Crème de la crème (an d'Jill) huet sech versammelt, fir tëscht milkafaarwege Kleeder an iwwerwältegendem Botter déi längste Fëmmpaus ever ze maachen.  Déi schéinst Krausel vun der Welt, dem Yannick seng aner Schrëftaart, d'Lady Gaia, d'Whitney an d'Mariah, Romeo a Julia am "Ernster" a natierlech och S.A.R. – jiddereen ass op dësem besonnegen Dag mat dobäi.  On top: Tourismus am eegene Land, eng Misswahl mam Elsa, e katastrophale Brunch a Stanniol – wou fannt dir dat alles beieneen, wann net an ärem Nummer 1 Business-Podcast?! Dofir lauschtert vive vive vive eran!

I/E popullarizuar në

Ky podkast shfaqet edhe në listat e podkasteve të këtyre shteteve.