Haut, Muer an Deemools
Harmonie Municipale Differdange
0
«Haut, Muer an Deemools» ass de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht. An Interviewe mat Zäitzeie gëtt gewisen, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. D'Lauschterer kréien nostalgesch an informativ Abléck iwwert d'Origine vun der HMD, perséinlech Geschichte vun de Memberen, an d'Entwécklung vun der musikalescher Ierfschaft.
Episodet
-
Speziell Episod - Live am Park 11.06.2026 1h 3minEng weider Episod, déi e bëssen anescht ass wéi dat wat dir gewinnt sidd. Dës Kéier hu mir eise Podcaststudio an de Park Gerlache zu Déifferdeng verluecht, wou de 6. Juni 2026 de Live am Park stattfonnt huet. Bei dësem gratis Event hu sechs Museksveräiner aus dem Land fir eng flott Ambiance gesuergt, wärend och zwee Filmer ënner fräiem Himmel gewise goufen.Mir hunn d’Geleeënheet genotzt, fir mat Vertrieder vun de verschiddene Veräiner iwwert de Live am Park ze schwätzen, mee och iwwert hiren Enn vun der Saison, hir Projeten an dat, wat an der nächster Saison alles geplangt ass.Interviewt goufen: Ralph Massard vun der Harmonie Uewerkäerjeng, Stéphanie Perna vun der Fanfare Nidderkuer, Georges Engel vun der Harmonie Zolwer, Mike Schneider vun der Nojemer Musek, Glenn Hopfeld a Gilles Simon vu "La Lyre" Helleng, souwéi de Jeff Kaufmann vun der Klengbettener Musek.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Gilles KreinOpgeholl de 6. Juni 2026 beim Live am Park am Park Gerlache zu Déifferdeng.
-
Episod 14 - Eugène Schmitz 29.05.2026 31minAn dëser neier Episod vun eisem Podcast schwätze mer mam Eugène Schmitz, och Usch genannt. Den Usch huet an der Déifferdenger Musek ugefaangen mam Hautbois a spillt de Moment Saxofon Tenor. Do dertëscht huet en och Saxofon Bass a Pauke gespillt. Hie war och a villen anere Museksveräiner, ënnert anerem zu Nidderkuer an der Fanfare, zu Rodange, Lamadelaine a zu Biekerech an der Musek. Eng Folleg déi Dir op kee Fall verpassen dierft. Lauschtert eran!Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Gilles KreinTechnik: Michel PereiraOpgeholl den 22. Abrëll 2026 am Musekssall vun der HMD.
-
Speziell Episod - 1. Mee Feier 01.05.2026 35minEng liicht aner Episod wéi dat wat dir gewinnt sidd. Haut hu mir eise Podcaststudio an d'Natur bruecht fir kënnen "live" vun eiser 1. Mee Feier Andréck ze sammelen. Den 1. Mee feiert d'Déifferdenger Musek traditionnell zesummen mat de Lanz Bulldog Frënn an dem Gaart an Heem Uewerkuer an haut hu mir Musikanten an och net Musikante gefrot wat si vum éischte Mee an eisem Veräin halen.Sinn interviewt ginn: Sam Hermes, Raphael Mosar, Michel Meisch, Réjane Nennig, Fuang-Fa Weber, Elisa Bucarini, Louis Alves a Gonçalo Martins Enes.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraOpgeholl den 1. Mee 2026 an de Schrebergäert vum Gaart an Heem Uewerkuer.
-
Episod 13 - Véronique Bernar - Abléck an de Programm vum nächste Concert 30.03.2026 47minAn dëser Episod schwätze mir net iwwert d'Geschicht vum Veräin an och net vun den Anekdote vun eise Memberen, mee mir diskutéiere mat eiser Cheffin Véronique Bernar iwwert de Programm vun eisem nächste Concert Dreams & Fantasy, deen de 17. Mee 2026 am Kulturzentrum Aalt Stadhaus stattfënnt.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Gilles KreinTechnik: Michel PereiraOpgeholl den 30. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.Kapitelen:01:16 Titel vum Concert10:09 The Lone Ar-ranger - Philip R. Buttall12:23 Opbau vum Concert19:13 Imagasy – Thiemo Kraas23:20 Morpheus – Randall D. Standridge32:54 Fables and Fantasies – Willy Fransen33:57 Rapunzel – Bert Appermont39:36 The Engulfed Cathedral – Claude Debussy / arr. José Schyns43:10 The Irish Washerwoman – Leroy Anderson46:33 Schluss
-
Episod 12 - Fränz Goergen - Deel 3 12.03.2026 1h 3minNo bal engem Joer hu mir nei Episoden opgeholl an mir fueren do virun wou mir déi leschter Kéier opgehalen un. De Fränz Goergen verréit eis wéi schwéier et war nodeems den Asca Rampini opgehalen huet.An 10 Joer hat d'HMD 4 nei Dirigenten an och 4 nei Präsidenten, bal e Rekord fir eise Veräin.Mat dëser neier Folleg hu mir och en neien Animateur. Dat ass keen aneren wéi eise fréieren Dirigent an aktuelle Perkussionist Gilles Krein.Lauschtert séier eran!Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Gilles Krein a Michel Pereira Opgeholl den 6. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.
-
Episod 11 - Martine Goergen - Deel 3 21.02.2026 1h 9minAn dëser Folleg schwätze mir eng drëtten a leschte Kéier mam Martine Goergen. Mir diskutéiere vun den Dirigenten ënnert deenen d’Martine scho gespillt huet. D’Rekrutement vu ganz jonke Musiker an och d'First Band gëtt erwähnt an zum Schluss kommen mir och kuerz op eis Concertsrees am Abrëll 2025 zu Penzberg zeréck.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraTechnik: Dominique MosarOpgeholl den 19. Abrëll 2025 am Musekssall vun der HMD.
-
Episod 10 - Fränz Goergen - Deel 2 09.10.2025 1hAn dëser Episod schwätze mer mam Fränz Goergen iwwert d'Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume an iwwert d'Déifferdenger Big Band, mee virun allem schwätze mir vum Asca Rampini, deen Dirigent vun der Jugendmusek war an duerno vun 1965 bis 1980 de Chef vun der Déifferdenger Musek.D'Episod hält op mam Enn vun der Rampini Ära.Eng Episod déi dir op kee Fall dierft verpassen. Dofir lauschtert eran!Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel Pereira Technik: Dominique Mosar Opgeholl den 19. Abrëll 2025 am Musekssall vun der HMD.
-
Episod 9 - Gilles Krein - Deel 3 26.09.2025 1h 13minAn dëser drëtter a leschter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert seng bescht Erënnerungen als Dirigent an der Déifferdenger Musek a wéi et ass Dirigent ze sinn an deem Veräin wou een opgewuess ass.Mir erwänen och de Moment wou hien als Dirigent bei eis opgehalen huet, säi Retour als Perkussionist, mee schwätzen awer och iwwert seng Zukunft an déi vum Veräin.Dëst ass och déi längste Folleg vun eisem Podcast, deemno zaapt iech e Kaffi a mir wënschen vill Spaass beim Nolauschteren.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraTechnik: Dominique MosarOpgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.
-
Episod 8 - Gilles Krein - Deel 2 31.07.2025 1hAn dëser zweeter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert säin Ufank als Dirigent vun der Jugendmusek an duerno vun der HMD. Wéi et war als 19 Joer jonke Mann vun hannen an der Perkussioun, vir op d'Dirigentepult stoen ze kommen.Mir schwätzen vill iwwert seng haut legendär Ouverturen, mee och iwwert seng aner Kompositiounen an Arrangementer.Mir verroden iech elo schonn datt nach en drëtten Deel nokënnt.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraTechnik: Dominique MosarOpgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.
-
Episod 7 - Gilles Krein - Deel 1 18.07.2025 49minHaut schwätze mir mat eisem Perkussionist Gilles Krein. De Gilles an net nëmme Perkussionist, mee war Dirigent vun eiser Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume a virun allem Dirigent vun der Harmonie Municipale tëscht 2015 an 2023. De Gilles ass e Keeler Jong, deen zu Esch an de Lycée gaangen ass, op Péiteng an d'Museksschoul, an d'Stad an de Conservatoire an op Déifferdeng an d'Musek.An dëser éischter Folleg mam Gilles geet et virun allem ëm säi musikalesche Parcours an der Déifferdenger Musek, mee och iwwert säi Studium.Vill Spaass beim Nolauschteren.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraTechnik: Dominique MosarOpgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.
-
Episod 6 - Martine Goergen - Deel 2 03.07.2025 47minAn dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir eng zweete Kéier mam Martine Goergen. Mir kënnen Iech elo scho verroden datt nach eng drëtt Folleg wäert dobäi kommen. An dëser Episod schwätze mir virun allem iwwert d'Aarbecht am Comité an iwwert déi eenzel Aktivitéite vun eisem Veräin. Mir froen d'Martine wéi et ass d'Fra vum Präsident vun der Déifferdenger Musek ze sinn an och wat hatt vum Trait d'Union hält.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraTechnik: Dominique MosarOpgeholl den 21. Februar 2025 am Musekssall vun der HMD.
-
Episod 5 - Martine Goergen - Deel 1 17.04.2025 55minAn dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir mam Martine Goergen.D’Martine huet 1998 mat der Musek ugefaangen a spillt haut Flütt an der HMD. Hatt ass och schonn iwwer 15 Joer Member am Comité an ass ënner anerem zoustänneg fir d’Gestioun vun eisen Instrumenter. D’Martine erzielt eis säi ganze Parcours innerhalb mee och ausserhalb vun der Déifferdeng Musek.Dëst ass déi éischt vun dräi Episode mam Martine. Mir hoffen se mécht Iech Spaass.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel PereiraTechnik: Dominique MosarOpgeholl den 21. Februar 2025 am Musekssall vun der HMD.
-
Episod 4 - Raphael Mosar - Deel 2 03.04.2025 55minHaut hu mir nees d'Éier eise Vizepresident ze begréissen. De Raphael Mosar ass fir eng zweet Episod dobäi. Déi leschte Kéier war net genuch Zäit fir seng laang Geschicht an der Déifferdenger Musek ze erzielen.Produktioun: Harmonie Municipale Differdange Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira Technik: Dominique Mosar Opgeholl de 25. Januar 2025 am Sonotron.
-
Episod 3 - Raphael Mosar - Deel 1 06.03.2025 46minHaut hu mer héije Besuch, de Raphael Mosar, eis Vizepresident kënnt mat eis schwätzen. Hien huet bei eis 2004 um Saxofon ugefaangen an huet sech vum Jugendmuseker bis zum Vizepresident erop geschafft, wéi et dozou komm ass dass hien als Teenie awer bal opgehal hätt a vill méi gitt dir an dëser Folleg gewuer.Produktioun: Harmonie Municipale Differdange Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira Technik: Dominique Mosar Opgeholl de 25. Januar 2025 am Sonotron.
-
Episod 2 - Nicolas Elsen 13.02.2025 56minAn dëser zweeter Episod hu mir e Generatiounewiesselen a mir schwätzen mam Nicolas Elsen och am Veräin Néckel genannt. Hien huet virun ongeféier 20 Joer an der Harmonie Prince Guillaume, d’Jugendmusek vun der HMD, ugefaangen. Hien erzielt eis ënner anerem wéi et dozou komm ass datt hien Trombonn spillt an iwwert d’Reesen déi mir mat deenen zwee Veräiner gemaach hunn. Loosst iech dëst Episod net entgoen.Produktioun: Harmonie Municipale Differdange Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira Technik: Dominique Mosar Opgeholl den 11. Januar 2025 am Sonotron.
-
Episod 1 - François Goergen - Deel 1 31.01.2025 53minAn eiser éischter Episod schwätze mer mam Fränz Goergen. De Fränz ass schonn iwwer 70 Joer bei eis am Veräin an huet esou munch Anekdoten ze erzielen. An dëser éischter Nummer vun eisem Podcast fänke mir an de 40er Joer un a gi mat him duerch bal 4 Joerzéngte vun eisem Veräin. Mer kréie witzeg Anekdoten erzielt, wéi si als Bouwen an Italien op ee Concours gefuer sinn, bis hin zu de schwéieren Zäiten ëm de Schluss vum Camille Roilgen. Lauschtert eran!Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel Pereira Technik: Dominique Mosar Opgeholl den 11. Januar 2025 am Sonotron.
I/E popullarizuar në
Ky podkast shfaqet edhe në listat e podkasteve të këtyre shteteve.