Menoplay

Menoplay

Lëtzebuerger Journal
ประเทศ ลักเซมเบิร์ก
ภาษา LB
จำนวนตอน 1
ล่าสุด 01.10.2026

Menoplay ass e Podcast vum Lëtzebuerger Journal iwwer d'Menopause an d'Peri-Menopause. Et geet ëm Begrëffer wéi Vapeuren, Brain Fog an déi lescht Bluddung, an ëm d'Fro, wat d'Wiesseljoren konkret fir déi Betraffe bedeiten. De Podcast kuckt, wéi een déi Fraen an där Liewensphas am beschten ënnerstëtzt a wou et zu Lëtzebuerg nach u Support feelt. Dofir kommen betraffe Leit souwéi Expertinnen an Experten aus der Santé an der Politik zu Wuert, fir d'Thema z'enttabuiséieren a Fraen ze empoweren.

ตอน

  • Menoplay - Trailer 01.10.2026 2นาที
    Vapeuren… Brain Fog… Déi läscht Bluddung. Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen. Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljoere betraff ass? Wéi ënnerstëtzt ee si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support? Genee déi Froen beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast. Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren. Mir weisen: D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Etapp. Menoplay – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.

ยอดนิยมใน

พอดแคสต์นี้ปรากฏในชาร์ตพอดแคสต์ของประเทศเหล่านี้ด้วย