Invité:e vum Dag

Invité:e vum Dag

radio 100,7
Pays Luxembourg
Genres Actualités
Langue LB
Épisodes 50
Dernier 16.09.2026

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

Épisodes

  • Max Krippler, Kandidat fir President vun der Basketsfederatioun ze ginn 16.09.2026
    Mir froen den eenzege Kandidat fir President vun der FLBB ze ginn, wéi hien erëm méi Zuschauer an d'Hale wëllt bréngen a wéi hien den Damme-Basket erëm méi attraktiv wëllt maachen.
  • Joëlle Damé, Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL 15.09.2026
    Um Dag vun der Rentrée froe mir no, wéi d'Gewerkschaft op d'Resultater vun der PISA-Etüd reagéiert, an op d'Schoule prett si fir d'Alphabetiséierung op Franséisch.
  • Fabricio Costa (déi gréng), Grënner vun der "Plattform fir Demokratie" 14.09.2026
    Déi nei Plattform wëllt d'Demokratie méi resilient maachen. Mee wéi? Dat froe mir de jonke Politiker vun déi gréng, deen d'Initiativ gegrënnt huet.
  • Hans-Jakob Schindler, Terrorismus-Expert 11.09.2026
    Wéi eng Léiere sinn aus den Attentater vum 11. September 2001 gezu ginn? Wéi eng Gefore ginn haut nach vun islamisteschem Terror aus? Dat froe mir de renomméierten däitschen Terrorismus- a Séchserheets-Expert.
  • Serge Wilmes, CSV-Ëmweltminister 10.09.2026
    No deem iwwerduerchschnëttlech waarmen an dréchene Summer 2026: Kritt d'Klimapolitik elo neie Schwong?
  • Claude Meisch, DP-Educatiounsminister 09.09.2026
    Wéi eng Conclusiounen zitt de Schoulminister aus der neier PISA-Etüd?
  • Anne Calteux, Ex-Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg 08.09.2026
    Den 1. Dezember iwwerhëllt si d'Direktioun vum Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique.
  • Markus Linden, Politolog vun der Uni Tréier 07.09.2026
    No der Landtagswahl vu gëscht a Sachsen-Anhalt: Wéi geet et an deem Bundesland virun? A wéi eng Konsequenze kritt dat politescht Äerdbiewen zu Berlin?
  • Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé 04.09.2026
    Wéi héich war d'Iwwerstierflechkeet während de Caniculen? A wéi eng Léieren zéien d'Gesondheets-Autoritéiten aus den Hëtztwelle vun dësem Summer?
  • Erik von Scholz, CEO Enovos 03.09.2026
    Ass genuch Gas do fir den nächste Wanter ze iwwerbrécken? A wéivill wäert en de Client kaschten?
  • Nico Steinbach, neie Landrat vum Eifelkreess Bitburg-Prüm 02.09.2026
    Den SPD-Politiker ass e Sonndeg schonn am 1. Tour mat absoluter Majoritéit gewielt ginn. Am Interview erkläert hien d'Funktioun an d'Erausfuerdeungen, déi sech stellen.
  • Claude Reuter, FGFC 01.09.2026
    D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal huet sech selwer komplett reforméiert - a begréisst, datt d'Epreuve générale d'aptitude am kommunale Secteur ofgeschaaft ass. Domat geet eng laangjäreg Fuerderung an Erfëllung.
  • Gilles Feith, Luxair-Generaldirekter 31.08.2026
    Direkt mat zwou Nouvellë war de Lëtzebuerger Flughafen d’lescht Woch an de Schlagzeilen. De Findel kritt den nächsten Abrëll mat United Airlines eng nei Direkt-Verbindung an d’USA. An d’Luxair huet e Freideg déi éischt zwou vun am ganze véier nei Boeing 737-8 empfaangen. Wat bedeiten déi Entwécklunge fir déi eenzeg Lëtzebuerger Passagéier-Fluchgesellschaft?
  • Steve Faltz, LSAP-Conseillier zu Esch 28.08.2026
    Mir froen den Escher Oppositiounschef, wéi hien d'Aarbecht vun der schwaarz-blo-grénger Koalitioun no 3 Joer bewäert.
  • Landwirtschaftsministesch Martine Hansen 27.08.2026
    D'Vertrieder aus der Landwirtschaft zéien en éischter negative Bilan vum Karschnatz 2026. Wéi kann a wëllt d'Politik elo dem Secteur ënner d'Aerm gräifen?
  • Paul Nathan, Direkter vu Poeckes a Vizepresident vun der Handwierkerkammer 26.08.2026
    Zënter e Méindeg gëtt am Bausecteur nees geschafft – fir déi Geleeënheet maache mir de Point zu der Situatioun am Secteur vun der Constructioun. Deen huet mat Personalmanktem a Liquiditéitsproblemer ze kämpfen.
  • Charel Hary, President vun der FNCF 25.08.2026
    Ass d'Schueberfouer ze deier? Wat kascht se eigentlech d'Forainen? A wéi bleift d'Kiermes fir déi Jonk attraktiv? Doriwwer schwätze mir mam President vun der Federatioun vun de Forainen.
  • Jean-Claude Muller, President vum Landesuebstbauveräin 24.08.2026
    Hëtzt an Dréchent hunn den Uebstbeem massiv zougesat. Wéi steet et ëm d'Récolte 2026 a wéi mussen d'Uebstbaueren sech fir d'Zukunft opstellen? Doriwwer schwätze mir mam Jean-Claude Muller, dee säin Haff zu Contern schonn a 6. Generatioun bedreift.
  • Gilles Biver, héije Beamten am Ëmweltministère 21.08.2026
    De Minett-Kompost soll Schmotzwaasser an de Kanal an an eng Baach lafe gelooss hunn. Wéi reagéiert den Ëmweltministère?
  • Ben Frin, Arthur Welter Transports 20.08.2026
    Mam Finanzdirekter vun der Transportfirma geet ënner anerem rieds iwwer Dieselpräis, E-Mobilitéit (am Camionsberäich) a Recrutementsproblemer.

Populaire dans

Ce podcast figure aussi dans les classements de podcasts de ces pays.