On the Record - Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

Reporter.lu
Pays Luxembourg
Langue LB
Épisodes 207
Dernier 17.07.2026

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Épisodes

  • Vum Projet Alpha zum Projet Alternativlos? 17.07.2026 31min
    Kuerz virun der Summervakanz war de Projet Alpha nach eemol Thema an der Chamber. Wat soen déi nei Etuden an Evaluatiounen aus? Wéi ass d'Virgoe vum Ministère ze beurteelen? A wéi geet elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Wéi wiele mir an Zukunft? 10.07.2026 28min
    D’Chamber diskutéiert iwwert eise Walsystem. Wéi sécher ass de geplangten elektronesche Vott? Wéi solle Wieler am Ausland agebonne ginn? A wat huet dat mat de Bezierker an dem Walrecht ze dinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Hëtztwell als Warnschoss 03.07.2026 28min
    Déi lescht Woch huet gewisen, wéi eng Auswierkungen héich Temperaturen op d'Liewen zu Lëtzebuerg kënne hunn. Wéi war d'Land dorop virbereet? Wéi gouf d'Situatioun geréiert? A wat fir Léiere musse lo gezunn ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Politik op Nummer sécher 26.06.2026 26min
    CSV an DP hunn eng aner Politik versprach. Och bei der bannenzeger Sécherheet. Hu si dat ageléist? Oder huet sech virun allem d’Rhetorik geännert? A wéi ass dat alles ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng schwiereg Gemenge-Lage 19.06.2026 31min
    Aktuell gëtt un enger Reform vum Gemengegesetz geschafft. Wat soll sech domat änneren? Wourun stéieren sech d'Deputéiert? A wat seet dat iwwer hiert d'Demokratieverständnis aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Wéi resilient mécht eis dëse Pak wierklech? 12.06.2026 36min
    Den Tripartite-Accord ass ënnerschriwwen an de Resilienzpak läit vir. Wat ass dovun ze halen? Wou gouf verpasst, déi strukturell Problemer unzegoen? A wéi koum et réckbléckend zu där séierer Eenegung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • En Accord, mee fir wéi laang? 05.06.2026 23min
    An der Tripartite hunn d'Regierung an d'Sozialpartner méi séier en Accord fonnt wéi geduecht. Wéi koum et dozou? Op wat fir Mesurë gouf sech gëeenegt? An hu mer domat d'Kris iwwerwonnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Erwächen an der Energiekris 29.05.2026 29min
    CSV an DP hunn eng „aner“ Klimapolitik versprach. Mee wéi zilféierend ass déi? Wou steet Lëtzebuerg a puncto Energietransitioun? A wéi wëll d’Regierung op déi aktuell Präiskris reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Ried laanscht d'Lag vun der Natioun 22.05.2026 27min
    De Luc Frieden huet dës Woch seng drëtt Ried zur Lag vun der Natioun gehal. Mee wéi éierlech war seng Analys? Wat huet hie verpasst ze soen? A wéi huet hien domat den Terrain bereet fir d'Tripartite? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Tripartite ënner schwierege Virzeechen 15.05.2026 25min
    Dës Woch kruten d'Regierung an d'Sozialpartner Zenarien zur Energiekris virgeluecht. Wéi gesinn déi aus? Wat muss lo an der Tripartite diskutéiert ginn? A wéi grouss ass den Drock op de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Vun enttäuschten Dokteren an eidele Keessen 08.05.2026 28min
    D'AMMD verweigert hir Ënnerschrëft ënner eng nei Konventioun mat der CNS. Wat wëllen d’Dokteren? Firwat kënnt d’Regierung deem net no? A wéi huet sech dat dës Woch op d’Quadripartite ausgewierkt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Déi onendlech Geschicht vum Sportsmusée 01.05.2026 34min
    Gläich dräi Ministeren hunn sech dës Woch an der Chamber zum Dossier Sportsmusée erkläert. Wat ass dovun zréckzebehalen? Wat steet am Avis juridique zum Projet? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Tripartite, mee firwat elo? 24.04.2026 31min
    De Luc Frieden wollt se laang net, elo kënnt se dach: eng Tripartite. Wéi koum et zu dëser Decisioun? An wéi vill politeschen a finanzielle Spillraum bleift nach fir d'Verhandlunge mat de Sozialpartner? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Den Dokter vun Ärem Vertrauen? 17.04.2026 26min
    Fäll vu Feelverhale vun Doktere sinn an der Aktualitéit. Wien ass fir d’Kontroll vun de Medezinner zoustänneg? Firwat dauert et dacks laang, bis schwaarz Schof aus dem Verkéier gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Stréifeier amplaz Stabilitéit 10.04.2026 20min
    De Lëtzebuerger Immobiliemarché huet sech nach ëmmer net stabiliséiert. Wat sinn d'Ursaachen? Wat hunn déi staatlech Mesurë bruecht? A wéi kéint déi aktuell Weltlag d'Situatioun beaflossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • De Mindestloun an aner politesch Manöveren 03.04.2026 31min
    D'Decisioun vun der Regierung zum Mindestloun stellt kee vun de Sozialpartner zefridden. Wéi ass d'Virgoe vun der Koalitioun ze beurteelen? Gouf et keng aner Optioun? A wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Wéi vill Sputt bleift bei deene Scholden? 27.03.2026 26min
    Duerch den Iran-Krich dréit eng nei Energiekris. Wéi vill budgetäre Spillraum huet d'Regierung fir ze reagéieren. Wéi eng Depensë kéint si reduzéieren? A wéi problematesch ass déi héich Staatsschold? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • D'Léieren aus der Affär Traversini 20.03.2026 30min
    Aktuell gëtt un engem Deontologie-Kodex fir Gemengepolitiker geschafft. Firwat besteet grad bei hinnen e Risiko vun Interessenskonflikter? A wat muss aus der Affär Roberto Traversini geléiert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Besser an der Oppositioun? 13.03.2026 30min
    Säit méi wéi zwee Joer sinn LSAP an Déi Gréng an der Oppositioun. Wéi hunn déi fréier Regierungsparteien an dës Roll era fonnt? A wéi stellen si sech säitdeem personell a programmatesch nei op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • E neie Krich, an eng nei Energiekris? 06.03.2026 26min
    De militäresche Konflikt an der Golfregioun huet elo schonn en Impakt op Gas- a Pëtrolspräisser. Wat erwaart Europa a Lëtzebuerg? A wéi kéint hei eng méi onofhängeg Energiepolitik ausgesinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Populaire dans

Ce podcast figure aussi dans les classements de podcasts de ces pays.