FJD presents: Business Bistro
Moskito / FJD
0
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Епізоди
-
S3#7 - Maxim Straus 10.06.2026 1год 33хвMaxim Straus Straus oder Strauss – that’s the question. Mir fänken dësen FJD Business Bistro mat der grousser Fro u firwat de Georges esou midd ausgesäit. Wann een da bis weess dass hien den Dag virdru réischt vum faméisen FJD Study Trip zeréck koum, da versteet een. E bësse Gossip gëtt natierlech och erzielt, ier de Georges an d’Carole e bësse mei philosophesch ginn an iwwer richtege Räichtum schwätzen a wat dëst eigentlech ausmëscht. Als smoothen Iwwergang fir bei eise Gaascht verréit de Georges eis och nach, waat hie fir d’lescht online kaf huet a wou. Zu Gaascht ass an dëser Episod de Maxim Straus - CFO a Vice President vun der Cargolux. Mat him schwätze mer driwwer wéi hien ob déi Plaz koum, wei de Marché ausgesäit a wou en sech wäert hindeveloppéiren. Wat sinn d’Trends bei den Transportfligeren a ween wäert se als éischt ëmsetzen: Boeing oder Airbus. Eng immens interessant Episod wou jiddereen eppes bäiléiere kann. Definitiv der Wäert fir eranzelauschteren.
-
S3#6 - Caroline Mart 14.05.2026 1год 31хвCaroline Mart Wat huet Jurassic Parc mat FJD ze dinn? An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir déi grouss Chance d’Grande Dame oder wéi si sech och mol selwer genannt huet, den Dinosaurier vun der Lëtzebuerger Télé zu Gaascht – d’Caroline Mart. An dat ob hirem éischte richtegen Dag vun hirer wuelverdéngter Pensioun. Een interessant Gespréich iwwer hir Ufäng an engem absolut Männerdominéierte Secteur, doriwwer firwat d’Politik fir si ni ee Reiz hat, wéi d’Zukunft vun de Medien a Journalismus ass an awer och wat hir Zukunftspleng sinn – an där huet si der nach vill. Roueg wäert et definitiv net ginn. D’Carole an de Georges ënnerhalen sech am Ufanks Catch-up iwwer d’Medie Welt, d’Aide à la presse déi zu Lëtzebuerg ausbezuelt gëtt a ginn och liicht nostalgesch wann si un hir Jugend respektiv Kandheets Erfarunge mat Schülerzeitungen zeréckdenken. Lauschtert eran.
-
S3#5 - Alexa Ballmann 27.04.2026 1год 26хвAlexa Ballmann Vum Manzilian bis zum Mindestloun – d’Kinnigin vun der Schéinheet zu Lëtzebuerg bei eis um Dësch. Dir wollt schonn ëmmer wëssen, wat e Manzilian ass? Oder éischter, wéi et der Schéinheetsindustrie zu Lëtzebuerg wierklech geet? An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi d’Alexa Ballmann als Gaascht. Mir schwätze mat hir iwwer hire Wee an d’Selbststännegkeet, wéi ee vum “Garçon manqué” zur Cheffin vun zwee Schéinheetsinstituter gëtt, a firwat Entreprenariat heiansdo manner Glamour an éischter méi Excel ass - trotz gëllenen Tapéiten. Natierlech kucke mir och op hir vill aner Engagementer, op Visibilitéit, Kritik, an ob eng gewësse Expositioun engem Business hëlleft... oder éischter net. An jo: de Mindestloun kënnt och kuerz op den Dësch – well och an der Beauté-Welt ginn d'Käschten an d'Rechnungen net mat Hyaluron Crème bezuelt. Am Ufanks Catch-up geet et dann ëm déi neiste Schéinheets-Trends. Vun Sephora Kids iwwer Baby Botox bis bei dat Thema, dat dem Georges einfach net mei aus dem Kapp geet: Manzilians. An wann dir och nach wësse wëllt wéi een Déier eis allen 3 am beschte beschreift da llauschtert eran – et gëtt wéi ëmmer: éierlech, witzeg an interessant.
-
S3#4 - Joé Schmit & Steve Vermeer 27.03.2026 1год 13хвSteve Vermeer & Joé Schmit Immobilien zu Lëtzebuerg —Vum Goldrausch zur Kaffispaus? Dir erënnert iech nach un déi Zäiten, wou all Gaarde-Schapp zu Lëtzebuerg fir eng Millioun Euro verkaaft gouf? Déi schéi gëllen Zäiten... Mä wat ass eigentlech geschitt zënter 2022? An dëser Episode vum FJD Business Bistro sëtze mir zesumme mat zwee Männer aus der Praxis: dem Joé Schmit vu Simpact a dem Steve Vermeer vun Investe Group & Lionstone Capital Management. Mir schwätzen iwwer agefruere Projeten, dem éischter negativen Image vum Promoteur oder wéi si elo haut heeschen: Développeur zu Lëtzebuerg, dem administrativen Albdram vum Bau, dem soziale Wunnengsbau an neie Forme vum Wunnengsdeveloppement, dem Rôle vum Staat, dem Impakt vun der Kris ob d'Lëtzebuerger Ekonomie an awer natierlech och iwwert potentiell Léisungen. Beim Carole a Georges hirem Ufanks Catch Up geet et och em Zuele vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart a firwat d'Carole u sech d'Cause vun der aktueller Logementskris ass. an awer och em e puer méi locker Theme wéi verschidden aktuell Werbecampagne fir nei Moudenhaiser, Starcrushs, Sport um Sonnden, Benefiz-Hyrox oder awer nach, wéi flott et ass an de Bësch spadséieren ze goen. Vill Spaass domat.
-
S3#3 - Chris Haentges 13.03.2026 1год 25хвEpisod 4 vum FJD Business Bistro zesumme mam Chris Haentges vum Asport an Omonia. Des Episod huet d’Carole an de Georges richteg un d’schweesse bruecht. Si hunn et sech net huele gelooss fir den Omonia selwer testen ze goen. Si hunn hir feshsten Gym Kleeder ausgepak an hu souwuel de Spinning wei och de BootCamp fir Iech getest. Den Outcome gesitt dir am FJD Afterwork Channel. Mee ier si mam Chris schwätzen, haten de Georges an d’Carole natierlech rëm hire klenge CatchUp an do goung et iwwert gestagte Photoe, dem Beach Body oder de Man Butt bis zu dem Georges sengem neie Protein Hype. An natierlech hunn si och schonn den Terrain preparéiert fir alles wat Sports Retail ass, Trends am Fitness Club Beräich a dir gidd natierlech och gewuer wei sportlech déi 2 ënnerwee sinn (oder net). E puer Bicher Recommandatioune fannt Dir an de Shownotes. Mam Chris Haentges schwätzen déi 2 iwwert säi Parcours zu München ob der Uni wou hatt net nëmmen de Sport an d’Sport Community sou richteg fir sech entdeckt huet, mee wou hatt och wärend 6 Joer an der Rüstungsindustrie geschafft huet. Firwat hatt zeréck ob Lëtzebuerg koum, seng Entrepreneur’s Gene, d’Schaffen an engem Famillje Betrib, d’Idée hannert dem Omonia an d’Challenge vun engem neie Betrib, sinn nëmmen e puer vun de ville Themen déi an dëser Ronn ugeschwat goufen. An wann Dir elo och Loscht hutt fir iech um Vëlo wärend 45 Minutten oofzestrampelen, iech et zoutraut ee Bootcamp Cours beim Chris ze maachen oder awer et éischter gemittlech beim Yoga Flow ugoe wëllt, hu mir ee Code fir Iech wou dir 1 x gratis teste kennt. Einfach ob eversports.com goen – den Omonia sichen an do de Code FJD2026 aginn an da kennt dir gratis 1 Cours an den Omonia teste goen. Falls dat net klappe sollt- schreift einfach dem Chris: chris@asport.lu
-
S3#2 - Laurent Loschetter 06.02.2026 1год 33хвD’Saison 3 vum FJD Business Bistro gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. D’ Saison 3 vum FJD Business Bistro geet weider wéi se ugefaang huet – mat staarke Geschichten, witzegen Anekdoten an natierlech e puer Insights a Gossip deen een definitiv néirens aneschters nolauschtere kann. Ausser vläicht live am richtege Bistro. Mir fänken u mam Georges senger Visite vu Shenzhen a wat hien do alles sou gesinn an erlieft huet a wat dovunner hien sech och hei zu Lëtzebuerg gutt virstelle kéint. Vun Shenzhen geet et riicht weider bei eise Gaascht – kengem anere wei “The Men of the Men(s) vu Lëtzebuerg” – dem Laurent Loschetter. Keen huet d’Lëtzebuerger Concerts Zeen esou geformt wéi hien. Mee mir schwätzen net nëmmen iwwert den Atelier mee och wat de Laurent dann esou an der Schoul gemaach huet, wei hie mat knapps 18 Joer seng éischte Firma konnt grënne, firwat hien ob d’Iddi komm ass eng Concertshaal ze lancéieren, ween vu senge Copainen och haut nach mat him zesumme schafft an natierlech – a mir wëssen dir waart all drop – wéi et eigentlech zur grousser Show vum Trounwiessel koum. Wann dir elo och wësse wëllt wat nom Trounwiessel als nächst usteet, da lauschtert eran.
-
S3#1 - Benji Kontz 17.12.2025 1год 20хвD'Saison 3 vun dësem Podcast gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. Endlech si mer zeréck mat der Saison 3 vum FJD Business Bistro - de Podcast fir déi bësse mei locker Gespréicher iwwert Business zu Lëtzebuerg. Dëst Joer dréit sech bei der FJD alles em de berühmte Lëtzebuerger Slogan: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn. Oder besser em d’Fro: kenne mir bleiwe wat mir sinn. An dëst probéiere mir natierlech och an de Podcast afléissen ze loossen. Mir fänken d’Saison un mat enger Persoun déi sech sot – nee mir bleiwen net wat mir sinn – mir änneren. Mir schwätze mam Benji Kontz – Administrateur Délégué vum Arnold Kontz Group. Eng Firma déi aus dem Lëtzebuerger Autosmarché net ewech ze denke war an trotzdeem huet de Benji fir d’éischt d’BMW Aktivitéit verkaf an e puer Joer méi spéit och de Recht vun der Auto’s Aktivitéit vum Grupp fir sech elo verstäerkt op déi 2 Vëlos Geschäfter ze konzentréieren. Wei et dozou koum, wat engem do duerch de Kapp geet a wat Yoga mat deem ganzen ze dinn huet- doriwwer schwätzen de Georges an d’Carole haut mam Benji. Am Intro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert Konscht, natierlech iwwer Autoen an iwwert wat et bei hinne fir Chrëschtdag z'iesse gëtt. Wann Dir also nach eng Inspiratioun fir Chrëschtdag sicht -lauschtert eran (Spoiler: Dem Georges säin Menu ass net wierklech Veggie friendly).
-
S2#9 - Catherine Wurth 15.10.2025 1год 6хвDéi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”. Des Kéier geet et em Extreme Job Changes zesumme mam Catherine Wurth. D’Catherine huet virun engem Joer decidéiert seng Karriär als Head of Sustainability an enger grousser Finanzinstitutioun opzeginn an an ee komplett aneren Domaine ze wiesselen – dee vun der Economie Sociale. Hatt ass haut Directrice Adjointe vu Co-Labor. Wat Co-Labor ass, wei säin Alldag changéiert huet, firwat hatt wollt eppes ganz Neies maachen, wat seng Kanner dovun haale a wat Stol mat deem ganzen ze dinn huet, dat gitt dir an dëser Folleg gewuer. Am Intro schwätzen de Georges an d’Carole iwwer d’Jobcalypse, den Impakt vun AI ob den Aarbechtsmarché, dem Georges säin neie Meeting Outil an natierlech geet et och em den Trounwiessel an d’Monarchie souwéi dorëm dass 2 vun de 4 Chambellane Membere vun der FJD sinn. Lauschtert eran a mir freeën eis iech an der Saison 3 rëmzefannen.
-
S2#8 - Claude Wagner 11.09.2025 1год 38хвD’Summerpaus ass eriwwer a mir sinn zeréck. Des Kéier mam “archétype du multi-entrepreneur” – dem Claude Wagner. Ir et bei de Claude geet, geet et beim Georges a Carole iwwert all méiglech Sujet - vum Axl Rose iwwert Sportswear bbis zu Cargo Bikes an der Staat a an de Gemenge. Dono schwätzen si mam Claude iwwert seng Escher Hierkonft, seng vill Betriber, säi Wee dohinner, d’Challenge a wei een et mécht fir iwwer 1100 Léit ze managen an trotzdeem nach bal all Mënsch mam Numm ze kennen. Mir schwätzen awer och iwwert dem Claude seng Passioun fir Ultratrails a wéini hien nach Zäit fënnt fir ze trainéieren. Ee sympatheschen an immens inspiréierende Business Talk deen een net verpasse soll. Als kleng Recommandatioun gëtt de Georges iech des Kéier dëst Buch mat ob de Wee: https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9782073061195/Chapoutot-Johann/Les-irresponsables---Qui-a-porté-Hitler-au-pouvoir-?bpmctrl=bpmrownr.1%7Cforeign.276570-1-0-0
-
S2#7 - Luc Frieden 21.07.2025 1год 18хвDéi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem Premier Minister Luc Frieden. De Georges an d’Carole goufen ob d’Place Clairefontaine invitéiert wou si mam Mann vun der Natioun iwwer d’Aktualitéit schwätzen: Pensioune, Depense, Spuermesure, Lëtzebuerg am international Kontext an d’Zukunft vun der Politik. Natierlech hu mir et eis awer och net huele gelooss fir bësse mei locker Themen unzeschwätzen a wann dir wësse wëllt wat dem M. Frieden seng kleng Caprice sinn, wei eng kleng Saachen hie frou maachen oder ween hien an eng Rees an de Weltall mathuele géing, da lauschtert eran. Am Intro Deel – schwätzen de Georges an d’Carole des Kéier net iwwer Statistike mee iwwer Iechternach, wei een ee Kaweechelchen ob Iechternachech nennt an iwwert hir Lecture vum Summer. Vill Spaass a schéine Summer iech all.
-
S2#6 - Anne Kaiffer 12.06.2025 1год 8хв1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. Haut als Gaascht: Anne Kaiffer**: Metzlermeeschtesch (déi eenzeg aus dem Land), Patronne vu Boucherie Kaiffer – engem Familljebetrib a 4ter Generatioun – Mamm, Jeeër, Presidentin vun der Liewensmëttel Federatioun an och nach politesch aktiv an der Stater Gemeng. Eng absolut Powerfra also.
-
S2#5 - Carole Muller 22.05.2025 1год 12хвMir sin ganz frou fir d’Carole Muller och nach bekannt als “la personnalité économique la plus influente de l’année” bei eis am Studio ze begréissen an schwätzen mat him iwwert de Retail zu Lëtzebuerg, de Discours iwwert d’Öffnungszäiten oder awer och nach iwwer seng verschidden Kaapen.
-
S2#4 - Jean-Paul Olinger 30.04.2025 1год 8хвAlles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi... dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot.
-
S2#3 - Fernand Ernster, Annick Ernster Jaaques & Paul Ernster 11.03.2025 1год 35хвDéi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn.... An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze kréien...
-
S2#2 - Aline Bourscheid & Clovis Degrave 25.02.2025 1год 6хвDéi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn.... An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze kréien...
-
S2#1 - Launch Season 2 - Extremes 23.12.2024 1год 4хвEt huet e bësse gedauert mee elo geet et endlech weider: déi éischt Episode vun der Saison 2 vum FJD Business Bistro - De Podcast vun der FJD wou de Georges an d'Carole all Mount mat engem oder mei Gäscht iwwer "Business as usual" hei zu Lëtzebuerg bleiwen. Fir de Launch vun der 2ter Saison hunn si keen anert wéi d'Präsidentin vun der FJD - d'Stéphanie Damgé - an de Studio ob Steesel invitéiert. Zesumme mam Stéphanie schwätzen si iwwert d'FJD Thema vum Joer "Extremes" an a wéi enge Beräicher d'Entreprise zu Lëtzebuerg dëst am Moment iwwerall spieren. D'Stéphanie zielt ausserdeem e bëssen iwwert säin professionelle Parcours, an seng Iddie fir säin FJD Joer. Also klenge Special Launch Cadeau hunn de Georges an d'Carole och nach een Interview mam Benedikt Böhm gemaach - dem interessanten an extreme Keynote Speaker vun der FJD AG. Lauschtert eran - a maacht Iech mat eis ob de Wee an eng erfollegräich Season 2.
-
#11 - Special: AI - Kënschtlech Intelligenz 15.10.2024 46хвAn dëser leschter Episod vun der Saison 1 vum FJD Business Bistro Podcast hunn de Georges an d'Carole rëm 2 Special Guests ob Besuch - de Paul Konsbrück vu LuxConnect an de Patrick Malget vun taxx.lu a salaray.lu. Mat hinne schwätzen si iwwert d'Thema wou momentan keen dolaanscht kennt: d'AI oder Kënschtlech Intelligenz. Et geet em d'Vir-an Nodeeler, AI an der Educatioun an awer och wat dat un Date Volume duerstellt a wei Lëtzebuerg sech kéint als Virreider ob deem Marché établéieren. Am Comptoirsgespréich schwätzen d'Carole an de Georges iwwert de Skoda Tour du Luxembourg an iwwert dem Carole seng Bilanz vu sengem Joer als FJD Presidentin 2023-2024. Lauschtert eran - et ass wei ëmmer der Wäert.
-
#10 - Special: Ekonomesch Instabilitéit & Neo-Ökologie 11.09.2024 1годDéi éischt vun 2 Special Edition Shows vum FJD Business Bistro. Der FJD hiert Joer stoung dëst Joer ganz ënnert dem Thema “Transformatioun”. Déi nei Memberen hunn als Tâche kritt sech zu verschiddenen Themen déi am Moment Transformatioun dreiwen, méi ze informéieren an ze kucke wei des Drivers Lëtzebuerg a besonnesch eisen Ecosystem an eis Betriber an Entreprise affectéieren. An dëser éischter “Special” Episod schwätze mir zesumme mam Michel Weckering deen eis méi zum Thema Ekonomesch Instabilitéit erzielt an dem Dean Kauffmann an Norman Adler déi eis hiert Wëssen zum ganz vasten Thema Neo-Ökologie ze vermëttele probéieren.
-
#9 - Georges Zahlen (Axiomatic) 08.09.2024 1год 13хвAm Comptoirsgespréich geet et des Kéier beim Georges a Carole em d’Olympesch Spiller an hir Vakanzen Destinatioune. E puer Zuele a Statistiken sin natierlech och rem dobei. Am Deep Dive geet et mam CEO a Matgrënner vun Axiomatic, dem Georges Zahlen, iwwert den Tissue économique vu Lëtzebuerg, d’Périnnitéit vun de Lëtzebuerg Betriber an och iwwert déi grouss Défise an Opportunitéiten déi an den nächste Joer ob eis duerkomme wäerten. Desweidere gitt der gewuer wei lukrativ ee Business ronderëm Dreckskëschte ka sinn. Et lount sech also wéi ëmmer fir eran ze lauschteren – Prost ob de FJD Business Bistro.
-
#8 - Mike Koedinger (Maison Moderne) 31.07.2024 1год 11хвAn der Episod 8 vum FJD Business Bistro geet et em d'Mediewelt an natierlech besonnesch iwwert d'Medien zu Lëtzebuerg. Wat liesen d'Carole an de Georges oder sinn och si schonn Opfer vu Social Medie ginn a liesen iwwerhaapt keng geschriwwe Presse mei? Wei ass d'Presse Hëllef hei am Land opgebaut a ween kritt wat? All dat gitt der am Deep Dive tëschent dem Carole an dem Georges gewuer. Am Comptoirsgespreich ass de Mediemogul vu Lëtzebuerg zu Besuch - keen anere wei de Mike Koedinger selwer. Si schwätze mat him iwwert seng formidabel Carrière. Wei huet alles ugefaang an wou geet et hin. Wéi kritt een een Event wéi Nexus innerhalb vu 6 Méint opgestallt a wat steet fir d'nächst Joer um Programm? Dat a villes méi kennt dir iech elo ulauschteren. Vill Spaass bei der Episod 8.
Популярний у
Цей подкаст також потрапляв у чарти подкастів у цих країнах.