On the Record - Reporter.lu
Reporter.lu
0
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
Episodes
-
Ee Budget mat vill Hoffnung mee ouni Visioun 16.10.2026 28m„Fir d'Leit. Fir Opschwong.“ Sou ass de Staatsbudget fir 2027 iwwerschriwwen. Wéi ass dee Budget ze bewäerten? Wéi de Narrativ vum Finanzminister? A gëtt dat alles dem Kärprobleem zu Lëtzebuerg gerecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Schutz oder Fräiheet fir Jonker am Internet? 09.10.2026 26mD'EU plangt grouss Aschränkunge vun Tiktok, Instagram a Co. fir Jonker. Wat bréngen Alterskontrollen am Internet? Ass dat eng Form vun Iwwerwaachung? A wat bedeit dat fir d'Liewenswelt vu Jonker? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
De Fall Fridman als Rass an der Sanktiounspolitik 02.10.2026 25mLëtzebuerg huet sech an der EU dofir agesat, den Oligarch Mikhail Fridman vun der Sanktiounslëscht ze sträichen. Wéi ass dat ze beurteelen? A wat bedeit dat fir de Schuedenersatz, deen hie fuerdert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Dronen iwwer Lëtzebuerg 25.09.2026 29mFir d’éischte Kéier waren zu Lëtzebuerg onerlaabten Dronen ënnerwee. Wéi sinn déi Virfäll anzeschätzen. Huet d’Regierung richteg kommunizéiert? A wéi kann sech Lëtzebuerg fir d’Zukunft besser opstellen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Eng nei Datz fir de Lëtzebuerger Schoulsystem 18.09.2026 32mD'Schoulrentrée gëtt alt nees vu schlechte PISA-Resultater dominéiert. Wéi falen déi am Detail aus? Wéi gerecht ass de System? An hunn d'Reforme vum Minister Claude Meisch do eppes geännert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Iwwer Walen, Zäsuren a politesch Lektiounen 11.09.2026 32mWéi erwaart huet d'AfD d'Walen a Sachsen-Anhalt däitlech gewonnen. Wéi konnt et dozou kommen? Wat bedeit dat fir Däitschland an doriwwer eraus? An ass esou en Zenario och zu Lëtzebuerg denkbar? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Wéi eng politesch Rentrée steet eis bevir? 04.09.2026 28mEng laang Summerpaus geet op en Enn. Wéi eng grouss Reforme vun der CSV-DP-Agenda stinn no der Rentrée un? Wat huet d’Regierung soss nach wëlles, éier et Richtung nächst Wale geet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Wéi soll et weidergoen mam Ukrain-Krich? 28.08.2026 28mWéi ass déi aktuell Lag an der Ukrain? Wat bréngen d’Hëllefen vun der „Coalition of the willing“? An wéi ass d’Roll vun der Lëtzebuerger Regierung an hir aktuell Strategie an der Militärpolitik anzeuerdnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Krisekommunikatioun am Dréiwen 21.08.2026 20mD'Feier am Héije Venn hat en direkten Impakt op Lëtzebuerg. Wéi grouss war d'Gefor duerch den Damp? Gouf fréi a präzis genuch informéiert? A wéi ass generell d'Krisekommunikatioun ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Eng Klimapolitik ouni Wäitsicht 14.08.2026 30mD’Regierung setzt Ureizer fir d’Energietransitioun, mee d’Klimaziler ginn ëmmer méi schwéier ze areechen. Wouru läit dat? Wou muss nogebessert ginn? A firwat bräicht et virun allem eng aner Kommunikatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Méi séier Prozeduren, mee wierklech méi einfach? 07.08.2026 24mD’Regierung hat sech eng grouss Simplificatioun administrative virgeholl. Mee si Reforme wéi de „Once only“ esou einfach ëmsetzbar? Oder d'Digitaliséierung bei der Steierverwaltung? An dat alles bis 2028? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Eng Affär mat politeschem Opklärungsbedarf 31.07.2026 24mD’Affär ëm presuméierte Bedruch an der Immigratioun wërft vill Froen op. Wat ass gewosst? Wéi glafwierdeg sinn d’Aussoe vun den zoustännege Ministeren? A wéi ass et mat der politescher Responsabilitéit? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Méi séier a méi einfach bauen? 24.07.2026 22mDen Inneminister Léon Gloden huet säin Text fir en nationaalt Bautereglement virgeluecht. Wat steet do dran? Gëtt et de grousse Versprieche gerecht? A wéi vill Autonomie behalen d'Gemengen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Vum Projet Alpha zum Projet Alternativlos? 17.07.2026 31mKuerz virun der Summervakanz war de Projet Alpha nach eemol Thema an der Chamber. Wat soen déi nei Etuden an Evaluatiounen aus? Wéi ass d'Virgoe vum Ministère ze beurteelen? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Wéi wiele mir an Zukunft? 10.07.2026 28mD’Chamber diskutéiert iwwert eise Walsystem. Wéi sécher ass de geplangten elektronesche Vott? Wéi solle Wieler am Ausland agebonne ginn? A wat huet dat mat de Bezierker an dem Walrecht ze dinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Eng Hëtztwell als Warnschoss 03.07.2026 28mDéi lescht Woch huet gewisen, wéi eng Auswierkungen héich Temperaturen op d'Liewen zu Lëtzebuerg kënne hunn. Wéi war d'Land dorop virbereet? Wéi gouf d'Situatioun geréiert? A wat fir Léiere musse lo gezunn ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Eng Politik op Nummer sécher 26.06.2026 26mCSV an DP hunn eng aner Politik versprach. Och bei der bannenzeger Sécherheet. Hu si dat ageléist? Oder huet sech virun allem d’Rhetorik geännert? A wéi ass dat alles ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Eng schwiereg Gemenge-Lage 19.06.2026 31mAktuell gëtt un enger Reform vum Gemengegesetz geschafft. Wat soll sech domat änneren? Wourun stéieren sech d'Deputéiert? A wat seet dat iwwer hiert d'Demokratieverständnis aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
Wéi resilient mécht eis dëse Pak wierklech? 12.06.2026 36mDen Tripartite-Accord ass ënnerschriwwen an de Resilienzpak läit vir. Wat ass dovun ze halen? Wou gouf verpasst, déi strukturell Problemer unzegoen? A wéi koum et réckbléckend zu där séierer Eenegung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. -
En Accord, mee fir wéi laang? 05.06.2026 23mAn der Tripartite hunn d'Regierung an d'Sozialpartner méi séier en Accord fonnt wéi geduecht. Wéi koum et dozou? Op wat fir Mesurë gouf sech gëeenegt? An hu mer domat d'Kris iwwerwonnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Popular in
The podcast also appears in the podcast charts of these countries.