FJD presents: Business Bistro
Moskito / FJD
0
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Episodes
-
FJD Business Bistro S3#9 - Gérard Thein 11.10.2026 1h 4mGérard Thein An dëser - vläicht leschter Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi den nach President vun der FJD am Studio: De Gérard Thein. Hien ass awer net nëmme ganz aktiv bei der FJD mee ass och nach bekannt fir säin onermiddlechen Enthusiasmus fir Esch. Donieft huet de Gérard awer och nach ee richtege Beruff an nach ganz vill aner méi oder manner professionell Beschäftegungen. Wéi hien dat mécht fir alles ënnert een Hutt ze kréien, ob hien den nächsten Escher Buergermeeschter gëtt a wat hien dann elo no senger Presidence maache wäert - dat alles a vill méi hu mir mam Gérard b... -
FJD Business Bistro S3#8 - Xin Yuan 20.07.2026 1h 35mXin Yuan Hannert d’Kulisse vun Amazon Lëtzebuerg Dëse Mount gëtt et ganz international beim FJD Business Bistro. Mir sinn immens frou d’Xin Yuan ob Besuch ze hunn – eent vun em déi 50 rare Lëtzebuerger déi bei Amazon zu Lëtzebuerg schaffen. Hatt ass Category Leader an gëtt eis een exklusive Bléck hannert d’Kulisse vum gréissten Employeur vum Kierchbierg. Wann Dir also wësse wëllt firwat PowerPoints out sinn oder awer firwat et an den eischten 10 Minutte vun engem internen Amazon Meeting ëmmer ganz roueg ass – da lauschtert eran. Am Ufanks Catch-Up bleiwe mer international an mir schwätzen iwwe... -
S3#7 - Maxim Straus 10.06.2026 1h 33mMaxim Straus Straus oder Strauss – that’s the question. Mir fänken dësen FJD Business Bistro mat der grousser Fro u firwat de Georges esou midd ausgesäit. Wann een da bis weess dass hien den Dag virdru réischt vum faméisen FJD Study Trip zeréck koum, da versteet een. E bësse Gossip gëtt natierlech och erzielt, ier de Georges an d’Carole e bësse mei philosophesch ginn an iwwer richtege Räichtum schwätzen a wat dëst eigentlech ausmëscht. Als smoothen Iwwergang fir bei eise Gaascht verréit de Georges eis och nach, waat hie fir d’lescht online kaf huet a wou. Zu Gaascht ass an dëser Episod de Maxi... -
S3#6 - Caroline Mart 14.05.2026 1h 31mCaroline Mart Wat huet Jurassic Parc mat FJD ze dinn? An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir déi grouss Chance d’Grande Dame oder wéi si sech och mol selwer genannt huet, den Dinosaurier vun der Lëtzebuerger Télé zu Gaascht – d’Caroline Mart. An dat ob hirem éischte richtegen Dag vun hirer wuelverdéngter Pensioun. Een interessant Gespréich iwwer hir Ufäng an engem absolut Männerdominéierte Secteur, doriwwer firwat d’Politik fir si ni ee Reiz hat, wéi d’Zukunft vun de Medien a Journalismus ass an awer och wat hir Zukunftspleng sinn – an där huet si der nach vill. Roueg wäert et definiti... -
S3#5 - Alexa Ballmann 27.04.2026 1h 26mAlexa Ballmann Vum Manzilian bis zum Mindestloun – d’Kinnigin vun der Schéinheet zu Lëtzebuerg bei eis um Dësch. Dir wollt schonn ëmmer wëssen, wat e Manzilian ass? Oder éischter, wéi et der Schéinheetsindustrie zu Lëtzebuerg wierklech geet? An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi d’Alexa Ballmann als Gaascht. Mir schwätze mat hir iwwer hire Wee an d’Selbststännegkeet, wéi ee vum “Garçon manqué” zur Cheffin vun zwee Schéinheetsinstituter gëtt, a firwat Entreprenariat heiansdo manner Glamour an éischter méi Excel ass - trotz gëllenen Tapéiten. Natierlech kucke mir och op h... -
S3#4 - Joé Schmit & Steve Vermeer 27.03.2026 1h 13mSteve Vermeer & Joé Schmit Immobilien zu Lëtzebuerg —Vum Goldrausch zur Kaffispaus? Dir erënnert iech nach un déi Zäiten, wou all Gaarde-Schapp zu Lëtzebuerg fir eng Millioun Euro verkaaft gouf? Déi schéi gëllen Zäiten... Mä wat ass eigentlech geschitt zënter 2022? An dëser Episode vum FJD Business Bistro sëtze mir zesumme mat zwee Männer aus der Praxis: dem Joé Schmit vu Simpact a dem Steve Vermeer vun Investe Group & Lionstone Capital Management. Mir schwätzen iwwer agefruere Projeten, dem éischter negativen Image vum Promoteur oder wéi si elo haut heeschen: Développeur zu Lëtzebuerg, dem ad... -
S3#3 - Chris Haentges 13.03.2026 1h 25mEpisod 4 vum FJD Business Bistro zesumme mam Chris Haentges vum Asport an Omonia. Des Episod huet d’Carole an de Georges richteg un d’schweesse bruecht. Si hunn et sech net huele gelooss fir den Omonia selwer testen ze goen. Si hunn hir feshsten Gym Kleeder ausgepak an hu souwuel de Spinning wei och de BootCamp fir Iech getest. Den Outcome gesitt dir am FJD Afterwork Channel. Mee ier si mam Chris schwätzen, haten de Georges an d’Carole natierlech rëm hire klenge CatchUp an do goung et iwwert gestagte Photoe, dem Beach Body oder de Man Butt bis zu dem Georges sengem neie Protein Hype. An natier... -
S3#2 - Laurent Loschetter 06.02.2026 1h 33mD’Saison 3 vum FJD Business Bistro gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. D’ Saison 3 vum FJD Business Bistro geet weider wéi se ugefaang huet – mat staarke Geschichten, witzegen Anekdoten an natierlech e puer Insights a Gossip deen een definitiv néirens aneschters nolauschtere kann. Ausser vläicht live am richtege Bistro. Mir fänken u mam Georges senger Visite vu Shenzhen a wat hien do alles sou gesinn an erlieft huet a wat dovunner hien sech och hei zu Lëtzebuerg gutt virstelle kéint. Vun Shenzhen geet et riicht weider bei... -
S3#1 - Benji Kontz 17.12.2025 1h 20mD'Saison 3 vun dësem Podcast gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. Endlech si mer zeréck mat der Saison 3 vum FJD Business Bistro - de Podcast fir déi bësse mei locker Gespréicher iwwert Business zu Lëtzebuerg. Dëst Joer dréit sech bei der FJD alles em de berühmte Lëtzebuerger Slogan: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn. Oder besser em d’Fro: kenne mir bleiwe wat mir sinn. An dëst probéiere mir natierlech och an de Podcast afléissen ze loossen. Mir fänken d’Saison un mat enger Persoun déi sech sot – nee mir bleiwen net wat mir sin... -
S2#9 - Catherine Wurth 15.10.2025 1h 6mDéi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”. Des Kéier geet et em Extreme Job Changes zesumme mam Catherine Wurth. D’Catherine huet virun engem Joer decidéiert seng Karriär als Head of Sustainability an enger grousser Finanzinstitutioun opzeginn an an ee komplett aneren Domaine ze wiesselen – dee vun der Economie Sociale. Hatt ass haut Directrice Adjointe vu Co-Labor. Wat Co-Labor ass, wei säin Alldag changéiert huet, firwat hatt wollt eppes ganz Neies maachen, wat seng Kanner dovun haale a wat Stol mat d... -
S2#8 - Claude Wagner 11.09.2025 1h 38mD’Summerpaus ass eriwwer a mir sinn zeréck. Des Kéier mam “archétype du multi-entrepreneur” – dem Claude Wagner. Ir et bei de Claude geet, geet et beim Georges a Carole iwwert all méiglech Sujet - vum Axl Rose iwwert Sportswear bbis zu Cargo Bikes an der Staat a an de Gemenge. Dono schwätzen si mam Claude iwwert seng Escher Hierkonft, seng vill Betriber, säi Wee dohinner, d’Challenge a wei een et mécht fir iwwer 1100 Léit ze managen an trotzdeem nach bal all Mënsch mam Numm ze kennen. Mir schwätzen awer och iwwert dem Claude seng Passioun fir Ultratrails a wéini hien nach Zäit fënnt fir ze tra... -
S2#7 - Luc Frieden 21.07.2025 1h 18mDéi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem Premier Minister Luc Frieden. De Georges an d’Carole goufen ob d’Place Clairefontaine invitéiert wou si mam Mann vun der Natioun iwwer d’Aktualitéit schwätzen: Pensioune, Depense, Spuermesure, Lëtzebuerg am international Kontext an d’Zukunft vun der Politik. Natierlech hu mir et eis awer och net huele gelooss fir bësse mei locker Themen unzeschwätzen a wann dir wësse wëllt wat dem M. Frieden seng kleng Caprice sinn, wei eng kleng Saachen hi... -
S2#6 - Anne Kaiffer 12.06.2025 1h 8m1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. Haut als Gaascht: Anne Kaiffer**: Metzlermeeschtesch (déi eenzeg aus dem Land), Patronne vu Boucherie Kaiffer – engem Familljebetrib a 4ter Generatioun – Mamm, Jeeër, Presidentin vun der Liewensmëttel Federatioun an och nach politesch aktiv an der Stater Gemeng. Eng absolut Powerfra also. -
S2#5 - Carole Muller 22.05.2025 1h 12mMir sin ganz frou fir d’Carole Muller och nach bekannt als “la personnalité économique la plus influente de l’année” bei eis am Studio ze begréissen an schwätzen mat him iwwert de Retail zu Lëtzebuerg, de Discours iwwert d’Öffnungszäiten oder awer och nach iwwer seng verschidden Kaapen. -
S2#4 - Jean-Paul Olinger 30.04.2025 1h 8mAlles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi... dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot. -
S2#3 - Fernand Ernster, Annick Ernster Jaaques & Paul Ernster 11.03.2025 1h 35mDéi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn.... An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze kréien... -
S2#2 - Aline Bourscheid & Clovis Degrave 25.02.2025 1h 6mDéi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rëm am gaange sinn.... An natierlech probéiert de Georges och eng fix Plaz am Chef's Table fir sech ze kréien... -
S2#1 - Launch Season 2 - Extremes 23.12.2024 1h 4mEt huet e bësse gedauert mee elo geet et endlech weider: déi éischt Episode vun der Saison 2 vum FJD Business Bistro - De Podcast vun der FJD wou de Georges an d'Carole all Mount mat engem oder mei Gäscht iwwer "Business as usual" hei zu Lëtzebuerg bleiwen. Fir de Launch vun der 2ter Saison hunn si keen anert wéi d'Präsidentin vun der FJD - d'Stéphanie Damgé - an de Studio ob Steesel invitéiert. Zesumme mam Stéphanie schwätzen si iwwert d'FJD Thema vum Joer "Extremes" an a wéi enge Beräicher d'Entreprise zu Lëtzebuerg dëst am Moment iwwerall spieren. D'Stéphanie zielt ausserdeem e bëssen iwwer... -
#11 - Special: AI - Kënschtlech Intelligenz 15.10.2024 46mAn dëser leschter Episod vun der Saison 1 vum FJD Business Bistro Podcast hunn de Georges an d'Carole rëm 2 Special Guests ob Besuch - de Paul Konsbrück vu LuxConnect an de Patrick Malget vun taxx.lu a salaray.lu. Mat hinne schwätzen si iwwert d'Thema wou momentan keen dolaanscht kennt: d'AI oder Kënschtlech Intelligenz. Et geet em d'Vir-an Nodeeler, AI an der Educatioun an awer och wat dat un Date Volume duerstellt a wei Lëtzebuerg sech kéint als Virreider ob deem Marché établéieren. Am Comptoirsgespréich schwätzen d'Carole an de Georges iwwert de Skoda Tour du Luxembourg an iwwert dem Carole... -
#10 - Special: Ekonomesch Instabilitéit & Neo-Ökologie 11.09.2024 1hDéi éischt vun 2 Special Edition Shows vum FJD Business Bistro. Der FJD hiert Joer stoung dëst Joer ganz ënnert dem Thema “Transformatioun”. Déi nei Memberen hunn als Tâche kritt sech zu verschiddenen Themen déi am Moment Transformatioun dreiwen, méi ze informéieren an ze kucke wei des Drivers Lëtzebuerg a besonnesch eisen Ecosystem an eis Betriber an Entreprise affectéieren. An dëser éischter “Special” Episod schwätze mir zesumme mam Michel Weckering deen eis méi zum Thema Ekonomesch Instabilitéit erzielt an dem Dean Kauffmann an Norman Adler déi eis hiert Wëssen zum ganz vasten Thema Neo-Öko...
Popular in
The podcast also appears in the podcast charts of these countries.