Moiesstudio

Moiesstudio

radio 100,7
Country Luxembourg
Genres News
Language LB
Episodes 50
Latest 23.11.2026

Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.

Episodes

  • Expogast - een internationaalt Gastronomietreffen
    Expogast - een internationaalt Gastronomietreffen 23.11.2026
    Op der EXPOGAST, dem internationale Gastronomietreffen, ginn et nieft de sëllege Stänn Kachconcoursen, déi vum Vatel Club Lëtzebuerg organiséiert ginn. Vertrieder vu 64 Länner huelen un deem kulinaresche Weltcup Deel.
  • "Mir sinn op Lëtzebuerg komm"
    "Mir sinn op Lëtzebuerg komm" 23.11.2026
    Lëtzebuerg a seng Kultur si staark gepräägt vun Awanderer. A Lëtzebuerg huet si gepräägt. Dorëm geet et am Buch “Mir sinn op Lëtzebuerg komm”, erausgi vun der "Femmes pionnières du Luxembourg" asbl. 16 Fraen, deenen hir Wuerzelen an der Migratioun leien, temoignéieren doran, wéi si oder hir Virfaren de Wee op Lëtzeuerg fonnt hunn a wou si sech haut an der Lëtzebuerger Gesellschaft erëmfannen. Eng vun hinnen ass d’Sandy Lopes, d’Colette Mart ass iwwerdeems eng vun de fënnef Auteurinne vum Buch.
  • 5 Gemenge fuerdere méi streng Reegele fir E-Trotinetten
    5 Gemenge fuerdere méi streng Reegele fir E-Trotinetten 23.11.2026
    Dat nodeems et ëmmer méi dacks zu deels schroen Accidenter mat esou Gefierer kënnt. Wat fuerderen si konkret, dat froe mir d'Schäffin vu Feelen, Flore Schank.
  • Presserevue vun 08:15
    Presserevue vun 08:15 23.11.2026
    D'Weltklimakonferenz COP31 gëtt de Moien an allen Zeitungen kommentéiert.
  • Neonazi-Treffen zu Wolz: Wéi hunn d'Journalisten dat opgedeckt?
    Neonazi-Treffen zu Wolz: Wéi hunn d'Journalisten dat opgedeckt? 23.11.2026
    En hollännesch-belschen Investigativ Documentaire iwwer d’Neonazi-Zen huet d’lescht Woch zu Lëtzebuerg Welle geschloen. Een Deel vun dem online publizéierte Film spillt sech nämlech zu Wolz am Scout-Chalet Jitz of. Anscheinend huet keen eppes dovunner matkritt. Ze gesi sinn hollännesch a belsch Neonazien, déi dem Hitler säi Gebuertsdag am Abrëll feieren, jüddesch Bicher verbrennen a rietsextreem Parolle ruffen. Fir de Reportage hunn hollännesch a belsch Journalisten zesumme geschafft. Wéi sinn si virgaangen?
  • Meris Sehovic, Deputéierte vun déi Gréng
    Meris Sehovic, Deputéierte vun déi Gréng 23.11.2026
    D'COP31 goung ouni Accord op en Enn. Wéi eng Konsequenze wäert deen Echec hunn?
  • D'Caroline Wahl mat hirem Roman "1999 Meter über dem Meer" zu Walfer
    D'Caroline Wahl mat hirem Roman "1999 Meter über dem Meer" zu Walfer 23.11.2026
    D'Caroline Wahl: eng vun den aktuell meechtdiskutéierste jonken däitschen Autrice. Am Viirfeld vun de Walfer Bicherdeeg koum si op Lëtzebuerg. D'Sophie Schroeder konnt do kuerz mat hir schwätzen.
  • Presserevue vu 07:15
    Presserevue vu 07:15 23.11.2026
    D'Weltklimakonferenz COP31 gëtt de Moien an allen Zeitungen kommentéiert.
  • Presserevue
    Presserevue 21.11.2026
    Mat ë.a. de Sujete Jugendgewalt, Jonker an der Chamber, Vëloswee an der Nordstad a Koalitioun vun de Wëllegen
  • Walfer Bicherdeeg: Waat steet dëst Joer um Programm?
    Walfer Bicherdeeg: Waat steet dëst Joer um Programm? 20.11.2026
    Muer dréint sech zu Walfer erëm alles ronderëm d’Buch: dat fir déi 31. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg. Explikatioune vun der Viviane Hecker vun der Gemeng Walfer.
  • Live vun der COP31
    Live vun der COP31 20.11.2026
    Geet den Emweltminister Serge Wilmes dovun aus, datt nach en Accord fonnt gëtt - oder muss d'Weltklimakonferenz an d'Verlängerung goen?
  • Exit vum Brexit: Wéi warscheinlech ass dat a wee gewënnt dobäi?
    Exit vum Brexit: Wéi warscheinlech ass dat a wee gewënnt dobäi? 20.11.2026
    Zanter bal 7 Joer ass Groussbritannien net méi Member vun der EU. Bleift dat esou? Mam neie britesche Premier Andy Burnham kéint nees Beweegung an d’Spill kommen. Groussbritannien hätt duerch den Austrëtt méi verluer, ewéi gewonn, sou den Andy Burnham vrun e puer Deeg zu London. E Freideg gesäit de brittesche Premier d’EU-Spëtzten zu Bréissel fir deen zweeten EU-Groussbrittannien-Sommet. Wat ass do ze erwaarden? Kéinten d’Vereente Kinnekräich effektiv enges Dags nees Member vun der Europäescher Unioun ginn? Dat froee mir den David McAllister, hien ass Europapedeputéierten vun der däitscher CDU...
  • Presserevue vun 08:15
    Presserevue vun 08:15 20.11.2026
    Jugendwahlrecht an en Abroch bei der Police, dat sinn d'Themen an der Presserevue
  • Aquapilot: Eng automatiséiert Fär op der Musel
    Aquapilot: Eng automatiséiert Fär op der Musel 20.11.2026
    Mam „Aquapilot“ Projet soll d‘Musel-Fär Sankta Maria II tëscht dem lëtzebuerger Waasserbëlleg an dem däitschen Oberbillig soll bis 2028 zum Deel automatiséiert ginn. Doduerch sollen de Service an d‘Frequenz verbessert ginn.
  • Ben Weber, President vum VATEL deen d'Expogast organiséiert
    Ben Weber, President vum VATEL deen d'Expogast organiséiert 20.11.2026
    Vum 21. bis 25. November ass d'Gastronomie-Foire an der Luxexpo. Häerzstéck ass wéi all Kéier de Culinary World Cup, bei deem Kach-Ekippen aus der ganzer Welt ëm d'Trophäe kämpfen.
  • Wéi de Brexit d'Studenteliewen a Groussbritannien beaflosst
    Wéi de Brexit d'Studenteliewen a Groussbritannien beaflosst 20.11.2026
    Beim Héichlechkeetsbesuch vum Groussherzog Guillaume a Groussbritannien goung et insgesamt drëm, d‘Relatioune mam Vereente Kinnekräich ze verbesseren: déi sinn zënter dem Brexit net méi esou evident. Dat mierken och Lëtzebuerger déi a Groussbritannien wëlle studéieren goen. An hir Realitéit am Studentenliewen war och en Thema gëschter wärend der Londoner Visitt.
  • Presserevue vun 07:15
    Presserevue vun 07:15 20.11.2026
    Warden op Bréissel, Abroch bei der Police an Diskussiounen ëm Tanklager, dat sinn d'Themen an der Presserevue
  • Lëtz Share: Eng Bibliothéik ouni Bicher
    Lëtz Share: Eng Bibliothéik ouni Bicher 19.11.2026
    Firwat eng Maschinn kafen, déi een nëmmen heiansdo benotzt? Op der Uni Lëtzebuerg kënne Studente sech zanter Mee gratis Kichenapparater, Sportmaterial an aner Alldagsgéigestänn ausléinen. De Projet soll de Studenten hëllefen, Suen a Ressourcen ze spueren. Wéi dat am Alldag funktionéiert a firwat d'Offer ëmmer méi genotzt gëtt, huet sech de Chris Meisch op der Plaz ugekuckt.
  • Den Uelzechtkanal feiert Gebuertsdag: 30 Joer Tëlee vu Jonke fir Jonker
    Den Uelzechtkanal feiert Gebuertsdag: 30 Joer Tëlee vu Jonke fir Jonker 19.11.2026
    Mir schwätze mam Ed Maroldt, deen d'Iddi vum Uelzechtkanal als Däitschproff am Escher Jongelycée Mëtt de 90er Joren lancéiert huet.
  • Kanner kréien en Abléck an d'Welt vun der Justiz
    Kanner kréien en Abléck an d'Welt vun der Justiz 19.11.2026
    Wéi funktionéiert d'Justiz a wat fir Rechter hunn d'Kanner? Mat dëse Froen huet sech eng Schoulklass aus dem Cycle 4.2 beim YOUstice-Atelier an der Cité judiciaire beschäftegt. Am Virfeld vum Weltkannerrechtsdag konnten d'Schüler mat Experte schwätzen, d'Aarbecht vun der Justiz kenneléieren a selwer a Riichterrobe schlüpfen. Dobäi goung et och ëm d'Fro, wéi d'Meenung vu Kanner an engem Geriichtsprozess berücksichtegt gëtt.

Popular in

The podcast also appears in the podcast charts of these countries.