Plottwist

Plottwist

Winmi
Country Luxembourg
Language LB
Episodes 51
Latest 08.11.2026

Plottwist ass e Podcast wou zwee Filmnerds iwwert eng vun hire gréissten Leidenschafte schwätzen. Klassiker oder nei Filmer, neicht ass vrun hinne sécher. Si analyséieren Plottwisten, diskutéieren iwwer Regie an Schauspill, a ginn hir perséinlech Meenung zu de Filmer.

Episodes

  • Godzilla, Coward a Pennywise: Vu Monsteren a Mënschen
    Godzilla, Coward a Pennywise: Vu Monsteren a Mënschen 08.11.2026 46m
    Vum japanesche Monsterkino bis an déi däischter Welt vum Stephen King: An dëser Episod vu PlotTwist schwätze mir iwwer Godzilla, dem Lukas Dhont säin neie Film „Coward" an eis nächst Kino- a Streamingpläng. Mat „Welcome to Derry" dauche mir an d'Mythologie ronderëm de Pennywise an – vun der kosmescher Deckelsmouk Maturin bis bei d'Aflëss vum Lovecraft. Zum Schluss huele mir „Hunger Games", „Maze Runner" an „Twilight" ënnert d'Lupp a diskutéieren iwwer gutt Geschichten, Casting a Filmplakater.
  • Äppel, Bieren a ganz vill Blutt
    Äppel, Bieren a ganz vill Blutt 25.10.2026 52m
    Vum Lëtzebuerger Häerzensprojet bis bei groteske Bodyhorror: Dës Kéier schwätzen de Mike an de Yannick iwwer Äppel a Bieren vum Lukas Grevis a firwat de Film och ouni grousse Budget iwwerzeegt. Dem Mike Flanagan seng Carrie weist, wéi spannend eng altbekannte Geschicht nach ka sinn, an Clayface suergt fir Begeeschterung – an de Wonsch, heiansdo einfach ewechzekucken. Bei The Social Reckoning ass d'Theema spannend, mee geet dat duer fir e gudde Film? Mir diskutéieren iwwer d'Facebook-Files, manipulativ Algorithmen a firwat eis verschidde Filmer packen, wärend anerer eis éischter aschlofe loosse...
  • Verity spalt eis! | Primetime, Sense and Sensibility & Star Wars
    Verity spalt eis! | Primetime, Sense and Sensibility & Star Wars 11.10.2026 48m
    Bei Verity si mir eis dës Kéier definitiv net eens! Wärend de Mike sech vum Katz-a-Maus-Spill gutt ënnerhale gefillt huet, huet de Film op där anerer Säit fir däitlech méi Frust gesuergt. Mir diskutéieren iwwer de Plot Twist, d'Charakteren, d'Inszenéierung an d'Fro, ob de Film wierklech esou clever ass, wéi en et wëll sinn. Duerno geet et ëm Primetime mam Robert Pattinson. E staarke Cast, eng spannend Ausgangslag an e Look, deen déi fréi 2000er perfekt afänkt – mee geet de Film kritesch genuch mat sengem Sujet ëm? Eng richteg Iwwerraschung gëtt et dogéint bei Sense and Sensibility, deen trotz...
  • Hexerei, Horror a Videospill-Nostalgie: Practical Magic & Resident Evil
    Hexerei, Horror a Videospill-Nostalgie: Practical Magic & Resident Evil 27.09.2026 53m
    An dëser Episod vu Plottwist schwätze mir iwwer Practical Magic: Huet de Film säi Charme behalen, oder mierkt een him säin Alter un? Mir diskutéieren d'Geschicht, d'Figuren an d'Nostalgie, déi drun hänkt. Duerno geet et ëm den neie Resident Evil Film. Wéi gutt bréngt en d'Gefill vun de Spiller op d'Leinwand, a funktionéiert en och als Horrorfilm? Donieft schwätze mir iwwer weider Filmer, Horror-Klischeeën an dat, wat mir als Nächst am Kino gesi wëllen.
  • Dinoen, Dating & déidlech Glace
    Dinoen, Dating & déidlech Glace 16.08.2026 41m
    Dës Kéier gëtt et bei Plottwist eng skurril Mëschung aus Dinoen, Romantik an Horror: Am The End of Oak Street reest eng ganz Strooss zeréck an d'Zäit – mat Spielberg-Vibes, Logiklächer an enger iwwerraschend emotionaler Familljegeschicht. One Night Only vermëscht klassesch Rom-Com mat enger Prise Black Mirror, wärend The Ice Cream Man eis weist, datt Glace net ëmmer eng gutt Iddi ass.
  • The Odyssey ass Peak Cinema! – Spider-Man, Maspalomas & Kaulitz
    The Odyssey ass Peak Cinema! – Spider-Man, Maspalomas & Kaulitz 02.08.2026 55m
    An dëser Episod schwätze mir iwwer Spider-Man: Brand New Day. De Peter Parker ass esou eleng an däischter wéi nach ni, mee leider sti sech Marvel mat onpassende Witzer an ze vill CGI nees selwer am Wee. Ass et trotzdeem ee vun de beschten MCU-Filmer zanter Endgame? Duerno gëtt et eng grouss Léifterklärung un The Odyssey. Fir eis ass dem Christopher Nolan säin neie Film net nëmme besser wéi Oppenheimer, mee méiglecherweis souguer säi beschte Film. Mir schwätzen iwwer déi gewalteg IMAX-Erfarung, de Sirene-Monolog, den Travis Scott an eis geckeg Pläng, de Film nach eng Kéier a 70 mm zu Bréissel z...
  • Nolan um Héichpunkt, Disney um Déifpunkt?
    Nolan um Héichpunkt, Disney um Déifpunkt? 19.07.2026 1h 4m
    Ass The Odyssey wierklech dem Christopher Nolan säi Meeschterwierk? De Mike kënnt aus dem IMAX a schwätzt vun engem moderne Klassiker, wärend de Yannick bei der Live-Action-Versioun vu Vaiana virun allem eng Fro huet: Firwat gouf dëse Film iwwerhaapt gemaach? Donieft kucke mir op Evil Dead Burn, dee mat staarkem Gore a gudden Iddien ufänkt, mee um Enn als bis elo schwaachsten Deel vun der Rei enttäuscht. Ausserdeem schwätze mir iwwer dem Robert Eggers säin neie Werwolf-Film, Regisseuren, déi ëmmer nees op déi selwecht Schauspiller zeréckgräifen, an d'Fro, ob een d'Konscht wierklech vum Kënscht...
  • Toy Story-Tréinen, Minions-Frust a Widow's Bay
    Toy Story-Tréinen, Minions-Frust a Widow's Bay 05.07.2026 58m
    An dëser Episod vu Plottwist geet et nees quer duerch de Kino- a Streaming-Dschungel: Toy Story 5 iwwerrascht eis mat vill Nostalgie, Emotiounen an aktuelle Sujeten ewéi Social Media, FOMO a Cybermobbing. Donieft froe mir eis, ob Minions and Monsters nach wierklech méi ass wéi just Slapstick a Cashgrab. Mir schwätzen och iwwer Supergirl, déi nei Etapp am DCU vum James Gunn, mat enger staarker Haaptroll, mee enger Story, déi leider net vill Iwwerraschunge bitt. Donieft geet et ëm Sophie Passmann hir Pick Me Girls, Theater am Kino, feministesch Selbstreflexioun an d'Fro, firwat esou Formater net...
  • YouTuber retten de Kino? Backrooms, Obsession & Masters of the Universe
    YouTuber retten de Kino? Backrooms, Obsession & Masters of the Universe 21.06.2026 48m
    n dëser Episod schwätze mir iwwer eng spannend Woch am Kino: Scary Movie 6 huet eis bal komplett verluer, Disclosure Day weist nach ëmmer e bëssen Spielberg-Magie, mee bleift um Enn frustréierend oppen, an Backrooms beweist, dass aus engem Reddit-Mythos an YouTube-Kuerzfilmer richteg staarke Kino entstoe kann. Mir schwätze doriwwer, firwat Backrooms an Obsession grad esou vill Opmierksamkeet kréien, wisou jonk Filmemacher dem Kino frësche Wand ginn, an ob Hollywood endlech sollt verstoen, dass et net ëmmer 500 Milliounen Dollar Budget brauch. Zum Schluss geet et nach ëm Masters of the Universe...
  • Zwësche Star Wars-Frust an totaler Obsession
    Zwësche Star Wars-Frust an totaler Obsession 24.05.2026 58m
    An dëser Episod vu Plottwist gëtt et waarm — net nëmme wéinst den Temperaturen, mee och wéinst de Meenungen. Mike an Yannick schwätzen iwwer de grousse Star-Wars-Retour mat The Mandalorian and Grogu, deen éischter no Sidequest wéi no groussem Kino-Event wierkt, an iwwer Passenger, deen esou vill Frust ausléist, dass een de Kino léiwer fréi verléisst. Am Mëttelpunkt steet awer Obsession: e Film, deen mat senger düsterer Inszenéierung, ongemittlecher Atmosphär an enger staarker Performance richteg ënner d'Haut geet. Dobäi geet et ëm Wënsch, Kontroll, toxesch Léift an d'Fro, wéi vill vun enger Pe...
  • Sequel-Saison & Serien-Drama: Prada 2, Kombat 2 a méi
    Sequel-Saison & Serien-Drama: Prada 2, Kombat 2 a méi 10.05.2026 59m
    An dëser frëscher Plottwist-Episod sprange mir duerch déi aktuell Film- a Serien-News, wou et gefillt iwwerall no „2" richt: The Devil Wears Prada 2 steet am Raum – mir schwätzen doriwwer, wat eng Fortsetzung iwwerhaapt muss kënnen, fir net just Nostalgie ze sinn. Dono geet et mat voller Wucht an d'Arena: Mortal Kombat 2 – méi Fatalities, méi Spektakel, mee och d'Fro, ob et dëst Kéier wierklech e gudde Film gëtt (oder „just" e geilen Event). Op der Serien-Säit huele mir eis Euphoria Staffel 3 vir: Wou kann d'Geschicht nach higoen, a wat erwaarde mir tonal a personell? Duerno gëtt et däischter...
  • Zwou Legenden, zwee Filmer: The Mummy & Michael
    Zwou Legenden, zwee Filmer: The Mummy & Michael 26.04.2026 59m
    An dëser Episod vu Plottwist, ärem Filmpodcast op Lëtzebuergesch, schwätze mir iwwer zwee vun de spannendste Releases: Lee Cronins *The Mummy an _Michael_ (2026), de Film iwwert Michael Jackson. Mir kucken, wat The Mummy moderniséiert, wéi gutt d'Atmosphär a Spannung fonctionnéieren, an ob d'Neiinterpretatioun dem Mythos wierklech e frësche Kick gëtt. Duerno gi mir op Michael* an: Wéi wierkt d'Biopic-Erzielung, wéi gëtt eng Welt-Ikon op der Leinwand agefaangen, a wat heescht dat fir Fans an Filmfrënn?
  • The Drama ronderëm Mario, eng zweet Ronn Hide-and-Seek an d'Serie Rooster
    The Drama ronderëm Mario, eng zweet Ronn Hide-and-Seek an d'Serie Rooster 12.04.2026 59m
    Wat hu Super Mario, d'Zendaya, eng brutal Ronn Hide-and-Seek an de Steve Carell gemeinsam? Si sinn alleguer Deel vun eiser neier Episod hei bei Plottwist! Dës Woch hu mir nees e richtege Mix aus Animatioun, psycheschem Thrill, Horror an HBO-Comedy fir iech zesummegesicht. Hei ass eise Programm fir dës Episod: * The Super Mario Galaxy Movie: Mir huelen iech mat an de Weltraum a kucken, ob den Nintendo-Held och a sengem zweeten animéierten Deel iwwerzeege kann. * The Drama: Eng schwaarz romantesch Komedie vun A24. De Robert Pattinson an d'Zendaya liwweren sech kuerz virun hirer Hochzäit eng psyc...
  • Vun den Oscars bis an de Weltraum mat Project Hail Mary
    Vun den Oscars bis an de Weltraum mat Project Hail Mary 29.03.2026 1h 1m
    Wëllkomm zréck bei enger neier Plottwist Episod! Dës Kéier huele mir déi aktuell Filmwelt komplett auseneen an diskutéieren iwwer dat, wat am Moment jidderee beweegt. Mir schwätzen iwwer d'Oscars, dozou gëtt et all d'Infos an eis Meenung zum mega Sci-Fi-Projet Project Hail Mary. Fir d'Horror-Fans hu mir They Will Kill You am Gepäck, an et gëtt richteg emotional mat der Verfilmung vu Reminders of Him. Theemen an dëser Episod: * D'Oscars: Wien hëlt d'Trophäe mat heem? * Project Hail Mary: Alles wat der iwwer de Sci-Fi-Hit wësse musst. * They Will Kill You: Ass dat deen neien Horror-Highlight? *...
  • E Roadtrip duerch d'Emotiounen – De Lukas Grevis an "Apples & Pears"
    E Roadtrip duerch d'Emotiounen – De Lukas Grevis an "Apples & Pears" 22.03.2026 28m
    Dës Kéier ass et eppes ganz Besonnesches: Den talentéierte lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis ass zu Gaascht a stellt eis säin neiste Wierk vir – de Coming-of-Age Roadmovie "Apples & Pears". Am Film begleede mir d'Sofia, eng 18-järeg jonk Fra, op engem emotionalen an onberechenbaren Trip duerch Europa. Mat nëmmen engem Rucksak am Gepäck fänkt eng ongewëss Rees un, déi si op d'Sich no sech selwer schéckt. Et ass e Film iwwer d'Erwuesse ginn, flüchteg Momenter an déi vill ënnerschiddlech Facettë vum Liewen. Wat iech an dëser Episod erwaart: * Hannert de Kulissen: Wéi de Lukas op d'Iddi fir d...
  • Vun Indie-Hype bis Horror-Ikonen: Marty Supreme & The Bride
    Vun Indie-Hype bis Horror-Ikonen: Marty Supreme & The Bride 15.03.2026 54m
    An dëser neier Episod vu Plottwist tauche mir nees déif an d'Welt vum Kino an! Mir kucken eis d'News an d'Erwaardungen zu deene neiste Projeten un, déi d'Filmwelt grad bewegen. Haut um Programm: * Marty Supreme: Wat kënne mir vum Josh Safdie sengem neie Film mam Timothée Chalamet erwaarden? * The Testament of Anne Lee: Mir analyséieren d'Hannergrënn vun dësem mysteriéise Projet. * The Bride: Eng frësch Interpretatioun vun engem Klassiker – packt d'Maggie Gyllenhaal et, eis ze iwwerzeegen
  • Vun der grousser Léift bis zum puren Horror
    Vun der grousser Léift bis zum puren Horror 15.02.2026 1h
    Wëllkomm bei enger neier Episod vum Plottwist! Haut hu mir e programmatesche Mix preparéiert, dee vun emotionalen Abgrënn bis hin zu purem Horror geet. Mir huelen dës dräi Filmer genee ënner d'Lupp: * Wuthering Heights: Mir kucken eis dës nei Adaptatioun vum Emily Brontë sengem Klassiker un. Ass d'Atmosphär esou düster wéi am Buch? * Rental Family: E faszinéierenden Abléck an d'Welt vun de geléinte Relatiounen. Emotionalen Déifgang oder just skurril? * Return to Silent Hill: Mir ginn zeréck an déi niwweleg Stad. Kann de Reboot de Charme an den Horror vun de Spiller an den éischte Filmer erëm o...
  • Tëscht emotionaler Déiftheet a purem Chaos
    Tëscht emotionaler Déiftheet a purem Chaos 01.02.2026 57m
    An dëser neier Episod vum Plottwist gëtt et eng bunt Mëschung aus emotionalen Highlights a spannenden Neiegkeeten. Mir huelen dës Kéier véier ganz ënnerschiddlech Projete méi genee ënner d'Lupp: * Hamnet: Mir dauchen an d'Welt vum Shakespeare sengem Jong an diskutéieren déi déifgräifend Storytelling-Elementer. * Nuremberg: E Bléck op d'historesch Dramatik an d'Ëmsetzung vun dësem gewaltege Sujet. * Primate: Et gëtt e bësse méi wild! Mir kucken, wat dësen Titel ze bidden huet a firwat en iwwerrascht. * Send Help: Heiansdo seet den Titel scho genee dat, wat ee fillt – mir analyséieren de Humor a...
  • Wann d'Hausmeedchen op Zombien trëfft
    Wann d'Hausmeedchen op Zombien trëfft 18.01.2026 55m
    Wat hunn Ping-Pong-Profi Marty Reisman, e verdächtegt Hausmeedchen an eng post-apokalyptesch Welt gemeinsam? Si sinn all Thema an eiser neister Episod! Mir diskutéieren iwwer de Stil vu "Marty Supreme", d'Geheimnisser vun "The Housemaid" an ob "28 Years Later: The Bone Temple" den Horror-Genre nees nei erfënnt. Spoiler-Alarm: Et gëtt intensiv.
  • Lassloossen leieren mat Stranger Things
    Lassloossen leieren mat Stranger Things 04.01.2026 1h 7m
    An dëser Episod schwätze mir iwwer d'Enn vu Stranger Things a wat et heescht, sech vun enger Serie ze verabschieden, déi eng ganz Generatioun begleet huet. Mir kucken dobäi op d'Themen Erwuessen-ginn, Nostalgie an d'Konscht vum Lassloossen. Als Géigespill brénge mir Eternity an Twinless an d'Gespréich – zwee Filmer, déi op hir Manéier Verloscht, Zäit a mënschlech Verbindungen thematiséieren. Eng Episod iwwer Ofschid, Weidergoen an d'Spuren, déi Geschichten hannerloossen.

Popular in

The podcast also appears in the podcast charts of these countries.