Sport aus der Heemecht - De Podcast

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Ben Schlammes
Country Luxembourg
Genres Sports
Language LB
Episodes 18
Latest 18.11.2026

E sportleche Podcast, deen sech mat Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen an Erfolleger auserneesetzt. Éierlech, emotional a mat engem direkte Bléck op de Sport. De Podcast beliicht déi mënschlech Säit vum Sport a gëtt Abléck hannendrun d'Kulissen. Fir all déi, déi Sport net nëmmen als Resultat, mee als Geschicht erliewen.

Episodes

  • #11 Patrick Cooper: „Mir wëllen Éischten oder Zweeten op der EM ginn an op d'Olympesch Spiller.“
    #11 Patrick Cooper: „Mir wëllen Éischten oder Zweeten op der EM ginn an op d'Olympesch Spiller.“ 18.11.2026 2h 4m
    🎙️ Fir déi eeleft Episod war de Patrick Cooper op Besuch. 🏈 De Quarterback ass ee vun de Pionéier vum Flag Football zu 🇱🇺 Lëtzebuerg an hëlt eis mat op säi spektakuläre Wee, op deem hien ënner anerem deen éischte Veräin an dëser Sportaart am Grand-Duché gegrënnt huet a mëttlerweil ëm den Opstig an déi zweet Däitsch Liga kämpft. 🦁 Och an der Nationalekipp war hien dobäi, wéi de Grondstee geluecht gouf an huet säitdeem ee groussen Undeel dorun, dass d'Rout Léiwen net just vun der Europameeschterschaft dreemen, mee och vun den Olympesche Spiller. 👀 Vill Spaass! 🙌Den Opbau vun der Episod:0'00"...
  • BOX BOX #9 - Gléckwonsch Kimi Antonelli!
    BOX BOX #9 - Gléckwonsch Kimi Antonelli! 11.11.2026 1h 5m
    Et ass esou wäit: mir hunn ee Weltmeeschter 2026! De Kimi Antonelli war dat ganzt Joer iwwer rekordverdächteg ënnerwee an elo huelen de Luc an de Ben seng Leeschtung an och déi vun der Konkurrenz ënner d'Lupp. Dobäi kënnt virun allem ee Pilot net gutt ewech... Vill Spaass! :)
  • BOX BOX #8 De WM-Kampf, dee kee méi ass & wat eis soss nach um Enn vun der Saison erwaart
    BOX BOX #8 De WM-Kampf, dee kee méi ass & wat eis soss nach um Enn vun der Saison erwaart 21.10.2026 1h 11m
    An der aachter Episod vun BOX BOX schwätzen de Luc an de Ben iwwer d'Dommheete vu Ferrari, dem Lando Norris säi Verhalen als Weltmeeschter, dee WM-Kampf, d'Pilote-Situatioun bei de Racing Bulls, Haas a Cadillac, den Debakel fir Williams a firwat sinde Retour vun der Formel 1 an Afrika gutt fanne kënnen a wat eis nach alles am Endspurt vun der Saison erwaart. Vill Spaass! :)
  • #10 Fanny Arendt: „Et gëtt keng Course, wou ee perfekt leeft, mee ganz no u perfekt ass och gutt.“
    #10 Fanny Arendt: „Et gëtt keng Course, wou ee perfekt leeft, mee ganz no u perfekt ass och gutt.“ 16.10.2026 1h 29m
    An der zéngter Episod schwätzt d'Fanny Arendt ënnert anerem iwwert seng éischt Course, de Wee zur Héichleeschtungssportlerin, seng fënnef Joer an den USA a nach villes méi. Vill Spaass! :)Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun.2'15" - Den Ufank vum Fanny senger Karriär.7'05" - D'Relatioun mam Trainer Yves Göldi.11'25" - D'Entwécklung zur Héichleeschtungssportlerin.21'20" - D'Thema Drock.29'20" - D'Thema Verletzungspech.34'30" - Den Ëmgang mat Ziler & Réckschléi.41'10" - Dem Fanny säin Training.44'10" - Wéi leeft d'Fanny 800m?52'00" - Fënnef Joer an den USA. 78'30" - Ofschléisse...
  • #9 Julio Kirsch: „D'Grenz ass just am Kapp.“
    #9 Julio Kirsch: „D'Grenz ass just am Kapp.“ 11.09.2026 57m
    An der néngter Episod ass de Julio Kirsch op Besuch, fir eis vu sengem impressionante Wee ze erzielen. Nodeems hien am Fussball ee schwéiere Kräizbandrëss erlidden huet, misst hien onverhofft eng neie sportlech Karriär aschloen. Dës huet hien ënner anerem bis iwwer d'Zillinn vun engem kompletten Ironman an am Lafe bis op de Sommet vum Mont Ventoux gefouert.Dobäi geet et net just ëm d'Resultat um Enn vun all Challenge, mee haaptsächlech ëm d'Disziplin an d'Manéier, wéi een un d'Zil kënnt. Vill Spaass. :)Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro.0'45" - Ween ass de Julio Kirsch?1'50" - Dem Julio sä...
  • TRIVELA #4 Virschau op d'Bundesliga-Saison 2026/27
    TRIVELA #4 Virschau op d'Bundesliga-Saison 2026/27 27.08.2026 1h 52m
    Déi nei Saison an der däitscher Bundesliga steet virun der Dier. Zesumme mam Tom diskutéiert de Ben iwwert alles, wat dir virum Start an d'Saison 2026/27 wësse musst. Vill Spaass! :)
  • #8 Julie Schütz & Lenny Karp (ALIS): „Gewannen ass net alles.“
    #8 Julie Schütz & Lenny Karp (ALIS): „Gewannen ass net alles.“ 20.08.2026 1h 21m
    An der aachter Episod vum Podcast „Sport aus der Heemecht” dréit sech alles ëm d'Integritéit vum Sport mat de Schwéierpunkten op Anti-Doping, Safeguarding & Bekämpfung vu Manipulatioun. Fir iech dovun ee genauen Iwwerbléck ze maachen, hunn ech mam Julie Schütz & Lenny Karp vun der ALIS (Agence Luxembourgeoise pour l'intégrité dans le Sport) geschwat. Vill Spaass! :)Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Julie.4'00" - Wat ass d'ALIS.7'05" - D'Thema Anti-Doping.45'20" - D'Thema Safeguarding.66'30" - D'Thema Bekämpfung vu Manipulatioun.80'50" - Outro.Social Media:Sport aus der...
  • BOX BOX #7 Tëschebilan vun der Saison 2026 inklusiv enger interessanter Analys am WM-Kampf
    BOX BOX #7 Tëschebilan vun der Saison 2026 inklusiv enger interessanter Analys am WM-Kampf 14.08.2026 1h 10m
    Nach genau eng Woch, dann ass d'Summerpaus vun der Formel 1 eriwwer an dofir ass elo ee gudden Zäitpunkt, fir op dat zréckzeblécken, wat bis elo an dëser neier Ära geschitt ass. De Luc an de Ben notzen dës Geleeënheet awer och, fir op dat no vir ze kucken, wat eis an de nächste Méint ënner anerem um Circuit an um Transfertmaart erwaart. Mir wënschen iech vill Spaass beim nolauschteren.
  • TRIVELA #3 De Lionel Messi ass wuel de GOAT, mee Spuenie verdéngt Weltmeeschter.
    TRIVELA #3 De Lionel Messi ass wuel de GOAT, mee Spuenie verdéngt Weltmeeschter. 21.07.2026 59m
    An der drëtter Episod vun der Fussball-Rubrik „TRIVELA“ steet eng leschte Kéier d'WM 2026 am Fokus. Zesumme mam Yannick bléckt de Ben op dat zréck, wat d'Fussballwelt an de leschte Woche beweegt huet.
  • #7 Katrin Kohl: „Ech hat näischt ze verléieren an um Enn war et dat Bescht, wat Ech maache konnt.“
    #7 Katrin Kohl: „Ech hat näischt ze verléieren an um Enn war et dat Bescht, wat Ech maache konnt.“ 18.07.2026 50m
    An der siwenter Episod ass mam Katrin Kohl eng ambitionéiert Para-Sportlerin am Podcast „Sport aus der Heemecht“ dobäi. D'Lëtzebuergerin schwätzt ënner anerem iwwert seng Erfarungen op de Paralympesche Spiller zu Paräis, wéi hat iwwerhaapt am Para-Sport gelant ass a wou et nach Verbesserungspotenzial gëtt.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun.1'15" - Den Ufank vum Katrin senger Karriär.5'00" - Dem Katrin seng gréissten Erausfuerderungen.6'05" - Den Opbau vum Katrin sengem Training.7'30" - D'Thema Inklusioun zu Lëtzebuerg (I).8'50" - Wéi entstinn d'Kategorien am Para-Sport?15'0...
  • BOX BOX #6 Piastri, Sainz oder Verstappen: Wee fiert 2027 fir McLaren?
    BOX BOX #6 Piastri, Sainz oder Verstappen: Wee fiert 2027 fir McLaren? 14.07.2026 49m
    D'Formel 1 geet gläich an d'Summerpaus al dofir geheien de Ben an de Luc ee Bléck op dat, wat zu Spielberg an zu Silverstone geschitt ass, si kucken op déi nächst zwou Coursen no vir a lancéieren d'Silly Season.
  • TRIVELA #2 Halbzeit bei der WM: Ween huet déi beschte Chancen op den Titel?
    TRIVELA #2 Halbzeit bei der WM: Ween huet déi beschte Chancen op den Titel? 28.06.2026 1h 37m
    An der zweeter Episod vun der Fussball-Rubrik „Trivela“ ass de Christophe beim Ben op Besuch, fir iwwer d'WM ze schwätzen. Ganz trei dem Motto „no der Gruppephase ass virun der KO-Phase“ blécken si net just op dat zréck, wat scho geschitt ass, mee och op dat no vir, wat eis eventuell erwaarde kéint. Vill Spaass! :)
  • BOX BOX #5 Antonelli-Show zu Monaco & déi éischt Hamilton-Victoire fir Ferrari zu Barcelona
    BOX BOX #5 Antonelli-Show zu Monaco & déi éischt Hamilton-Victoire fir Ferrari zu Barcelona 15.06.2026 54m
    Déi fënneft Episod vun der Formel-1-Rubrik „Box Box“ ass ee Réckbléck op den éischten europäeschen Doubleheader zu Monaco an zu Barcelona an een Ausbléck op deen zweeten europäeschen Doubleheader zu Spielberg an zu Silverstone. Vill Spaass! :)
  • TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes.
    TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes. 11.06.2026 1h 51m
    An der éischter Episod vun der Fussball-Rubrik vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ diskutéiert de Ben mam Anthony iwwer d'WM 2026. Kann de Cristiano Ronaldo säin éischte WM-Titel feieren? Kritt de Kylian Mbappé säin Ego op d'Säit geluecht? Soll de Manuel Neuer bei Däitschland am Gol stoen? Ass Japan den Underdog op deen ee setze soll? Wéi wäit kommen d'Gastgeber-Natiounen? Gëtt et dem Lamine Yamal säin Turnéier? Huet Argentinien nach deen néidegen Honger? Packt et Brasilien aus der Krise?Dës a nach vill méi Froen probéiere mir an der éischter Episod ze beäntweren. Vill Spaass! :)Den Opba...
  • #6 Louis Marasi: „Mir hunn eis ni Limitte gesat a mir waren zum Schluss einfach am Flow.“
    #6 Louis Marasi: „Mir hunn eis ni Limitte gesat a mir waren zum Schluss einfach am Flow.“ 09.06.2026 1h 19m
    Mat der Fussball-Weltmeeschterschaft steet dëse Mount dat wuel gréisste Sportevent vun der Welt um Programm. Dofir ass an der sechster Episod mam Louis Marasi een amtéierende Champion an U21-Nationalspiller am Fussball als Invité dobäi. Nieft aktuellen Theme ronderëm d'WM hëlt de Spiller vum FC Atert Bissen eis mat an d'Emotioune vu sengem entscheedende Gol um leschte Spilldag an erzielt, wat d'Ambitioune fir d'nächst Saison sinn, wann hie mat senger Ekipp an der Champions League spillt.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.0'40" - Dem Louis säi Championstitel mam...
  • BOX BOX #4 D'Champions entginn hirer Wall zu Montreal & wat zu Monaco fir méi Spannung géif suergen
    BOX BOX #4 D'Champions entginn hirer Wall zu Montreal & wat zu Monaco fir méi Spannung géif suergen 27.05.2026 1h 4m
    Fir de Luc an de Ben war de Grousse Präis vu Kanada dee bis elo animéiertste Weekend vun dëser Formel-1-Saison. Nieft dem Duell ëm d'Spëtzt tëscht Russell an Antonelli hunn och den Hamilton an de Verstappen fir flott Momenter op der Streck gesuergt. Nieft der Streck huet virun allem McLaren mat engem Strategie-Debakel op sech opmierksam gemaach a bei enger Mëttelfeld-Ecurie gëtt d'Zukunft vun engem Grand-Prix-Gewënner hannerfrot. Zum Ofschloss präsentéieren de Luc an de Ben mat Hëllef vun ChatGPT e puer interessant Verbesserungsvirschléi fir de Grousse Präis vu Monaco méi attraktiv ze maachen....
  • #5 Anne Simon: „Ech spillen net fir d'Statistiken, mee fir der Ekipp sou gutt et geet ze hëllefen.“
    #5 Anne Simon: „Ech spillen net fir d'Statistiken, mee fir der Ekipp sou gutt et geet ze hëllefen.“ 20.05.2026 1h 29m
    An der fënnefter Episod huet de Ben sech fir déi éischte Kéier an dësem Podcast eng Profisportlerin un d'Säit geholl: D'Anne Simon. Déi talentéiert an ambitionéiert Basketspillerin erzielt vun hirem Wee aus der Jugend vum AB Contern bis an déi grouss wäit Welt. D'Bundesliga war dobäi just eng Tëschestatioun, de Championstitel mam BBC Gréngewald de kréinenden Ofschloss zu Lëtzebuerg an de Stipendium an den USA eng immens Liewenserfarung. Mëttlerweil ass d'Anne Simon Profi an Italien an eng Féierungsspillerin an der Nationalekipp.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast...
  • BOX BOX #3 Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen a wéi gesäit et mat eisen Hot Takes aus?
    BOX BOX #3 Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen a wéi gesäit et mat eisen Hot Takes aus? 05.05.2026 53m
    An der drëtter Episod vum Podcast BOX BOX blécken de Ben an de Luc op de grousse Comeback vun der Formel 1 zu Miami zréck a stellen sech dobäi interessant froen: Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen? Wéi steet et ëm dem Max Verstappen seng Zukunft? Ass Williams endlech 2026 ukomm? Wéi wäit kann Aston Martin nach falen? etc. Mir wënschen iech vill Spaass. :)
  • #4 Delvin Skenderovic: „Mäi ganzt Liewen huet sech ëmmer ronderëm de Fussball gedréint.“
    #4 Delvin Skenderovic: „Mäi ganzt Liewen huet sech ëmmer ronderëm de Fussball gedréint.“ 07.04.2026 1h 48m
    Fir déi véiert Episod huet de Ben sech een Invité un d'Säit geholl, deen am lëtzebuergesche Fussball quasi alles gesinn a gewonnen huet: Den Delvin Skenderovic. Hien erzielt vun den Héichten an Déiften aus senger Karriär & hëlt eis mat op säi Wee vum Spiller zum Direkter vun der Racing-Akademie & Co-Trainer vun der éischter Ekipp.Lauschtert elo déi véiert Episod vu „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus wéi den Delvin vum jonken Nowuessspiller zu enger gestanener Gréisst am lëtzebuergesche Fussball ginn ass, wat hien dofir huet missen opferen, firwat hie bereet war alles fir eng V...
  • BOX BOX #2 Bearman schléit an nodeems d'Fuerer Alarm geschloen hunn: Wéi geet et mat der F1 weider?
    BOX BOX #2 Bearman schléit an nodeems d'Fuerer Alarm geschloen hunn: Wéi geet et mat der F1 weider? 31.03.2026 1h 19m
    An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Luc iwwer dat, wat si vum Grousse Präis vu Japan zréckbehalen hunn: Wat sinn d'Ursaachen & Konsequenze vum Bearman-Crash? Ass de Kimi Antonelli Favorit op de WM-Titel? Ass McLaren zréck am Kampf ëm Victoiren? Wat leeft beim Max Verstappen? Wee gëtt Teamchef bei Aston Martin & Audi? Zum Schluss kënnt et och zu engem Blind Ranking. Mir wënschen iech vill Spaass. :)

Popular in

The podcast also appears in the podcast charts of these countries.