Buvette - De Fussballpodcast
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
0
De Podcast Buvette - De Fussballpodcast behandelt Fussball aus enger entspannter an ënnerhaltsamer Perspektiv. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel schwätzen iwwer aktuell Theme aus dem lëtzebuerger an internationale Fussball. Si ginn vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker a brénge jidder Woch hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. Et geet ëm déi déifgrënnegst Fussballtheme an der Buvette, mat vill Leidenschaft a gudde Gespréicher.
Episodes
-
Episod 222 - Hannerfrot Iech 04.11.2026 29mMir kucken erëm op de leschte Fussballweekend. Rouspert huet hir Power bei der Sauer gelooss, de Racing mengt et leeft vum selwen, Lëntgen huet eng komplett mëll Buvette an där een et sech gutt goe loosse kann, Biissen schwätz ganz oppen iwwert hir Suen an de Ben huet een Tipp un all Fussballer dobaussen. Wat soss nach esou lass war, an dëser Episod Buvette mam Titel Hannerfrot Iech. -
Episod 221 - Rasiert 28.10.2026 32mEt war net alt ze vill lass am Lëtzebuerger Fussball an awer trëfft een sech an der Buvette. Rouspert sammelt wichteg Punkte géint Walfer, zu Déifferdeng goufe masseg Kaarte gesammelt an de Racing iwwerrennt Mondorf an der zweeter Hallschent komplett. Da kucke mir och nach op en Iwwerraschungsmatch an der Éierepromotioun, vill Goler an der 1. Divisioun an ee richteg schlechten Terrain zu Koplescht. All dat a nach vill méi an dëser Episod Buvette mam Titel "Rasiert". -
Episod 220 - Netto Spillzäit 21.10.2026 33mMir kucken erëm op de vergaangene Fussballweekend: Rouspert mécht et géint Déifferdeng nach eemol spannend, mee verléiert trotzdeem; ee Spiller vu Walfer nominéiert sech fir de Puskas Award; den Thomé huet wéi et schéngt eppes géint de Frank Bourgnon; de Spiller vun Hesper bréngt den Handy mat op den Terrain an nach villes méi. Alles dat a nach méi Detailer wéi ëmmer an dëser Episod Buvette mam Titel Netto Spillzäit. -
Episod 219 - Wou geeeeees de? 14.10.2026 33mMir kucken nees op de Lëtzebuerger Fussball: Déifferdeng iwwerrennt Walfer, Stroossen ass nach ëmmer ouni Nidderlag am Championnat, de Ben leeft sengem Géigner fort a schéisst ee Gol. Ënnert anerem kucke mir awer och op d’Trainerwiessel am Fussball, Interviews am Gol an dem Ben säin ale Kolleeg de Rene Peters. All dat a nach méi an dëser Episod Buvette - Wou geeeees de? -
Episod 218 - D'Léiwen 07.10.2026 29mNo laangen zwou Woche Lännermatchpaus si mir nees do an et gëtt genuch ze beschwätzen. Wat hunn d’Rout Léiwen eis gewisen? Wéi huet d'U21 gespillt? Wat war déi läscht Wochen an der Éierepromotioun an an deenen ënneschte Lige lass? Alles dat nach villes méi an dëser Episod Buvette mam Titel "D'Léiwen". -
Episod 217 - Schwaarze Weekend fir Vogels 16.09.2026 24mE schwaarze Weekend fir de Ben an den Dylan. Rouspert verléiert 5:0, Menster 4:0 a Kaiserslautern 3:0... Wat soll een do nach alles erzielen. Mir hunn trotzdeem gekuckt wat soss nach sou am Land lass war a schwätzen iwwer de Spëtzematch Mondorf vs Stroossen, de Start an der 3. Divisioun a vill Goler n der Éierepromotioun. -
Episod 216 - D'Ballfëscher vum Camping 10.09.2026 27mFussballeresch ass dëse Weekend net vill geschitt mee ronderëm gëtt et genuch ze beschwätzen. Wee sinn d'Ballfëscher vum Camping, ween ass "das erstklassige Heilbad" a wat gëtt et bei der Tricolore op der Internetsäit ze gesinn? Alles dat a nach vill méi onwichteg Saachen an dëser Episod Buvette 216 - D'Ballfëscher vum Camping. -
Episod 215 - Rout Kaarten iwwer rout Kaarten 02.09.2026 35mMir schwätzen erëm iwwer d'BGL Ligue a kucke wat bei den eenzelne Matcher lass war. Rouspert spillt ee gudde Match géint de Racing, Hesper verléiert leider erëm däitlech, Hueschtert huet de Golkipper vum Spilldag, Walfer huet den Toppscorer an da goufen et genuch rout Kaarte bei bal all Matcher. Da schwätze mir nach iwwer nei Transferten am Land a bewäerten de neien Trikot vun der FLF. -
Episod 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder 26.08.2026 35m4. Spilldag an der BGL Ligue, 2. Spilldag an der Éierepromotioun,1. Spilldag an der 1.Divisioun an elo gëtt et masseg ze beschwätzen. Rouspert hellt déi éischt Punkten an der Saison, Ettelbréck gëtt vum Trainer als Ofsteiger betitelt a Stroossen huet nach kee Géigegol kasséiert. Zu Beggen gëtt et een Influencer am Gol, masseg rout Kaarten an der Éierepromotioun an eng gutt Stëmmung zu Menster. All dat a nach vill méi an dëser Episod Buvette 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder. -
Episod 213 - Stade Brian Madjo 19.08.2026 34m3. Spilldag an der Nationaldivisioun a Rouspert steet mat zwou aneren Ekippe mat 0 Punkten am Keller. De Ben erzielt e bëssi iwwert déi aktuell Lag, mir beschwätzen de neien Terrain zu Hueschtert a wat zu Käerjeng lass war. Dann ass och d'Éierepromotioun lass gaangen an där den Toni Luisi ee wansinneg schéine Gol geschoss huet. Och déi éischt Divisioune ginn an dëser Episod beschwat, an där Menster direkt mam Ostkracher géint Gréiwemaacher start an et gëtt ee Grond firwat de Racing iergendwann de Stadionnumm ännere muss. Alles dat a nach vill méi an der Episod 213 mam Numm Stade Brian Madjo. -
Episod 212 - Do si mir erëm 12.08.2026 31mNo enger laanger an erhuelsamer Summerpaus si mir erëm fir dech do. Mir kucken direkt op déi zwee éischt Matcher vu Rouspert, äusseren eis Wënsch fir d’Saisona kucke wou et e puer Baustelle ginn. Vu kommender Woch u geet et dann nees mam ale gewinnte Programm virun: Nationaldivisioun, Éierepromotioun an sou weider. -
Episod 211 - Coupe Final 03.06.2026 35mWat een Dag! Ee vun deene Gréissten! De Ben huet an der Coupe Final gespillt an sou munches erlieft. Den Dylan huet den Dag a vollen Zich genoss a genee doriwwer schwätzen déi zwee an der neitster Episod vu Buvette: Fanmarsch, Busrees, Match, Béierdusch, Stëmmung an nach villes méi. Dëst ass dann och déi lescht Episod fir dës Futtballsaison am August geet et dann nees weider. Vill Spaass mat der Episod: Coupe Final! -
Episod 210 - Wansinn 20.05.2026 30mAn dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech kucke ma dann awer och nach op de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, der Éierepromotioun an deenen ënneschten Divisiounen. Ganz vill Detailer an dëser Episod vu Buvette. -
Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi 06.05.2026 24mDe Ben an den Dylan kucken dës Kéier net nëmmen op de Fussball am Seniorsberäich, mee och op den Zuschauermagnéit schlecht hin: d’Coupe du Prince. Méi wéi 2.500 Spectateure bei de Junioren an nëmmen 800 am Spëtzematch vun der BGL Ligue, wouru läit et? Des Weidere kucken d'Jongen awer nach op den Op- an Ofstigskrimi an den eenzelnen Ligen an drécken all den Ekippen d’Daumen. -
Episod 208 - No der Coupe ass virun der Coupe 29.04.2026 42mMir schwätzen erëm iwwert déi wichteg Saachen: BGL Ligue, Éierepromotioun, Coupe de Luxembourg an nach villes méi. Wien huet zu Kanech en neie Rekord opgestallt? Wie stoung an deene leschte Coupe-Finalen? Wat war zu Bartreng lass? An et ass nach esou vill méi am Lëtzebuerger Fussball geschitt. Méi Detailer ginn et wéi gewinnt an der neitster Episod vun der Buvette. -
Episod 207 - Et gëtt gemunkelt 22.04.2026 30mMir sinn erëm fir dech do a kucke wat an der BGL Ligue, der Éierepromotioun, der 1. Divisioun an an de Reserve lass war! Menster léisst Punkte géint Izeg leien, Rouspert verléiert géint Déifferdeng an nach villes méi. Eng ganz schéi Geschicht gëtt et vun engem Match op der Grenz an der BGL Ligue z'erzielen, den Dylan schwäermt vun der klenger Buvette zu Uewerkuer a nach villes méi gëtt et an dëser Episod Buvette mam Titel "Et gëtt gemunkelt". -
Episod 206 - Bläifouss 15.04.2026 48mDe Benno gewënnt de Match am Ofstigskampf, Péiteng klappt Rodange, Käerjeng sammelt no laanger Zäit keng Punkten an et ass e verdammt grousst Lach an der Tabelle. U wiem läit dat? Wat ass an der Éierepromotioun lass gewiescht? Wat ass zu Menster geschitt a firwat muss den Dylan erëm op d’Bänk? Wien ass de Bläifouss zu Leideleng a kënns du och schonn sou lues a WM-Féiwer? Alles a nach méi an dëser Episod Buvette mam Titel Bläifouss. -
Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass? 09.04.2026 20mNo zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och bei de Reserven. Natierlech kucke mir och op déi kommend Wochen, déi spannend ginn. Wie steigt op? Wie gëtt dann elo Meeschter? Wat kennt alles op eis zou? All dat a villes méi gëtt et an dëser Episod vu Buvette mam Titel 'Wat ass dann nëmme lass?'. -
Episod 204 - Force à Yannis 18.03.2026 36mAn der BGL Ligue wackelt et un der Tabellespëtzt an am Keller leeft et. Rouspert a Käerjeng sammele ganz wichteg Punkten a probéieren do ënnen eraus ze kommen, fir sou séier wéi méiglech d’Vakanzen ze buchen. An der Éierepromotioun gëtt et schon erëm een neie Spëtzereider a soss war et grondsätzlech zimmlech roueg. Wat et dann nach Schéines zu Mamer an der Buvette gëtt, gëss du wéi gewinnt an der Buvette mat der Episod Force àYannis gewuer. -
Episod 203 - WhatsApp 11.03.2026 37mZu Rouspert gouff an der Song no enger Victoire géint Bissen gewonnen an de Ben ass ganz vir mat dobäi. Péiteng fällt nom Ofpaff ëm wéi d’Keelen am Café an Déifferdeng ass am Kapp lo schonn am Match géint Diddeleng an zwou Wochen. Wat nach esou op eisen Terrain lass war, wéi ëmmer hei an der Buvette - WhatsApp.
Popular in
The podcast also appears in the podcast charts of these countries.