Menoplay

Menoplay

Lëtzebuerger Journal
Country Luxembourg
Language LB
Episodes 1
Latest 12.11.2026

Menoplay ass e Podcast vum Lëtzebuerger Journal iwwer d'Menopause an d'Peri-Menopause. Et geet ëm Begrëffer wéi Vapeuren, Brain Fog an déi lescht Bluddung, an ëm d'Fro, wat d'Wiesseljoren konkret fir déi Betraffe bedeiten. De Podcast kuckt, wéi een déi Fraen an där Liewensphas am beschten ënnerstëtzt a wou et zu Lëtzebuerg nach u Support feelt. Dofir kommen betraffe Leit souwéi Expertinnen an Experten aus der Santé an der Politik zu Wuert, fir d'Thema z'enttabuiséieren a Fraen ze empoweren.

Episodes

  • #3 Keng kleng Männer
    #3 Keng kleng Männer 12.11.2026 46m
    Schwindel, Panikattacken, eng Middegkeet, déi net ophält – an d'Äntwert an der Praxis : "Dir sidd jo nach jonk." Vill Frae ginn net eescht geholl, lafe vun engem Dokter bei deen aneren a kréie Schlofmëttel, Antidepressiva oder Antibiotiquen opgeschriwwen – mee keng Diagnos. Firwat ass et esou schwéier, d'Perimenopause ze erkennen? Dat freet d'Ilana sech an der drëtter Episod vu Menoplay – a sicht no Léisungen. D'Sabrina gouf an der Menopause-Klinik mat enger Minipëll heemgeschéckt. D'Milène huet sech am Endeffekt selwer informéiert a seet haut, dat hätt si gerett. An d'Dr. Susanne Folschette-T...
  • #2 Maach eng Party
    #2 Maach eng Party 29.10.2026 35m
    Wat huet d'biologesch Auer mat der Menopause ze dinn? Méi wéi een denkt. Et ass nämlech déi selwecht Auer, just um Enn vun hirer Zäit. An der zweeter Episod vu Menoplay geet d'Ilana der Fro no, wéini de richtege Moment ass, fir sech mat der Menopause auserneenzesetzen – a wat een haut scho ka maachen, fir méi gutt doduerch ze kommen. D'Trixie huet mat 39 op eemol seng biologesch Auer ticken héieren. D'Valérie hat geduecht, hire Kierper wier an der Menopause – néng Méint méi spéit koum hire Jong op d’Welt. An d'Anouk, 29, mécht sech ganz aner Gedanken: iwwer Verhütung, Zyklus a firwat een d'Men...
  • #1 Wat leeft, wann et net méi leeft
    #1 Wat leeft, wann et net méi leeft 15.10.2026 35m
    Vapeuren, kloer. Mee Oueren, déi bäissen? Hänn, déi kribbelen? Péng an de Gelenker, wann ee moies erwächt? D'Menopause huet méi Gesiichter, wéi déi meescht denken. Bis zu 100 Symptomer ginn domat a Verbindung bruecht – an déi heefegst dovun si psychesch. D'Ilana ass 21 Joer al a weess eigentlech näischt iwwer d'Wiesseljoren. Dofir fänkt hatt als Host ganz vu vir un: Wat geschitt iwwerhaapt hormonell am Kierper? Wat ass den Ënnerscheed tëscht der Perimenopause an der Menopause? A firwat fillt et sech fir verschidde Fraen u wéi eng zweet Pubertéit? Äntwerte kréie mir vu Fraen tëscht 21 a 64 Joer...
  • Menoplay - Trailer
    Menoplay - Trailer 01.10.2026 2m
    Vapeuren… Brain Fog… Déi läscht Bluddung. Dat alles si Begrëffer, déi mir mat der Menopause verbannen. Ma wat bedeiten d'Peri-Menopause an d'Menopause konkret fir jiddereen, dee vun de Wiesseljoere betraff ass? Wéi ënnerstëtzt ee si an där Liewensphas am beschten? A wou hapert et zu Lëtzebuerg nach u Support? Genee déi Froen beäntwert de Lëtzebuerger Journal mat dësem Podcast. Mir hu mat betraffe Leit a mat Expert*innen aus der Santé an aus der Politik geschwat, mam Zil, de Sujet vun der Menopause ze enttabuiséieren a Fraen ze empoweren. Mir weisen: D'Menopause ass keen Enn, et ass eng nei Eta...

Popular in

The podcast also appears in the podcast charts of these countries.