Den Nossknacker
Unknown
0
Den Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker. Mam Kaweechelchen Leon entdecke mir a siwe Folgen de Liewensraum Bësch. Mir entdecken, wien an der Bamkroun wunnt, gi mam Grénge Mann de Geheimnisser ronderëmt d’Bich op d’Spuer, verstoppen eis viru Wëllschwäin, sammele Champignonen an knacken an all Episod e puer Nëss. De Projet gëtt vun der Oeuvre Nationale ënnerstëtzt.
Episodes
-
Champignonen 02.11.2026 12mWat geschitt eigentlech mat all deene Champignonen am Buedem? D'Tessy kacht Spaghetti mat Champignonszooss a a sicht mam Leon nom Netz ënnert eise Féiss. -
Doutholz 02.11.2026 7mFirwat ass den Dout esou wichteg fir eis Bëscher? De Leon fënnt en doudege Bam a léiert, dass d'Enn och en Ufank ka sinn. -
D'Wëllschwäin 20.10.2026 9mWéi funktionéiert eng Wëllschwäifamill? De Leon huet zwar Angscht viru Wëllschwäin, mee wëll méi gewuer ginn iwwer de Bauer vum Bësch a seng Famill. -
De Maarkollef 05.10.2026 5mWéi fënnt de Maarkollef seng Nëss erëm? De Leon léiert haut, dass de Maarkollef all Joers Dausende vun Eeche planzt an dat ouni et ze wëssen! -
De Spiecht 27.09.2026 8mTock-Tock-Tock! De Leon héiert e komescht Geräisch a freet sech: firwat kritt de Spiecht eigentlech kee Kappwéi? -
D'Buschtawen 15.09.2026 10mVu wou kommen eigentlech d’Buchstawen? De Leon entdeckt komesch Zeechen un enger Bich an begéint dem geheimnisvolle Grénge Mann, deen d'Sprooch vun de Beem kennt. -
Trailer 09.09.2026Den Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker. Mam Kaweechelchen Leon entdecke mir a 7 Folgen de Liewensraum Bësch, entdecken wien an der Bamkroun wunnt, gi mam Grénge Mann de Geheimnisser ronderëmt d’Bich op d’Spuer, verstoppen eis viru Wëllschwäin, sammele Champignonen a knacken an all Episod e puer Nëss! -
D'Bamkroun 09.09.2026 7mWéi liewt et sech an der Bamkroun? Hues du am Bësch schonn emol ropgekuckt an dech gefrot, wéi d’Welt vun uewen ausgesäit? De Leon an d’Tessy klammen an d’Bamkroun erop. Den Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker.
Popular in
The podcast also appears in the podcast charts of these countries.