Studio 2

Studio 2

RTL Télé Lëtzebuerg
Country Luxembourg
Language LB
Episodes 1
Latest 12.11.2026

Studio 2 ass eng Podcast-Emissioun vum RTL Télé Lëtzebuerg, déi sech mat aktuellen Theemen aus der Politik a Gesellschaft beschäftegt. All zweeten Donneschdeg kommen Invitéen zesummen, fir iwwer déi wichtegst Sujete vum Moment ze diskutéieren. D'Gespréicher ginn op Lëtzebuergesch gefouert an deelen Analysen, Meenungen an Hannergrënn zu nationale Froen. De Podcast riicht sech u Leit, déi sech fir politesch a gesellschaftlech Entwécklungen zu Lëtzebuerg intresséieren.

Episodes

  • Prisong am Fokus: Plazproblemer, Erausfuerderungen, Perspektiven, 12/11/2026
    Prisong am Fokus: Plazproblemer, Erausfuerderungen, Perspektiven, 12/11/2026 12.11.2026 1h 7m
    De Prisong Uerschterhaff ass no just 4 Joer u senge Limitten. Firwat ass den Untersuchungsprisong esou voll?
  • Tripartite: Tëscht Energieschock a Klimakris, 29/10/2026
    Tripartite: Tëscht Energieschock a Klimakris, 29/10/2026 29.10.2026 1h 3m
    D'Regierung huet de Sozialpartner versprach, datt d’Energiehëllefen, déi den 31. Dezember auslafen, "op déi eng oder aner Manéier" verlängert ginn. Et ass kloer, datt déi ablécklech geopolitesch Tensiounen an d'Kricher am Mëttleren Osten an an der Ukrain sou séier net wäerten op en Enn goen an den Drock op d’Energiepräisser an d'Präisser am Allgemenge bis wäit an d’nächst Joer eran héich wäert bleiwen. D’Regierung steet kloer ënnert dem Androck vun de schreckleche Biller vun den Debordementer a Frankräich an dem Walerfolleg vun der AfD an Däitschland a wëll dat onbedéngt verhënneren. Zu Lëtzeb...
  • Kënschtlech Intelligenz: Fortschrëtt oder Risiko?, 15/10/2026
    Kënschtlech Intelligenz: Fortschrëtt oder Risiko?, 15/10/2026 15.10.2026 1h 7m
    Tëscht grousse Chancen a Risiken, déi sech schwéier viraussoe loossen: Wéi eng Zukunft erwaart eis mat der KI?
  • PISA: Wéi komme mer endlech aus der Datz?, 01/10/2026
    PISA: Wéi komme mer endlech aus der Datz?, 01/10/2026 01.10.2026 1h 3m
    PISA soll net séier laanschtzéien, mä zum Diskussiounsthema ginn, sot den Educatiounsminister Claude Meisch bei der Presentatioun vun den neiste PISA-Resultater D'Zuelen aus der leschter PISA-Etude mussen engem schonn ze denke ginn, wa bal 40% am Liesen an an der Mathé mol net den niddregsten Niveau erreechen. Firwat kritt de Lëtzebuerger Schoulsystem ëmmer rëm eng Datz am internationale Verglach? Et ass jo net, datt déi lescht Joren näischt geännert hätt. Wat muss elo nieft dem méi strikten Handyverbuet lo kommen? Och fir endlech de sozialen Ongläichheeten bäizekommen. Doriwwer wëlle mer mam...

Popular in

The podcast also appears in the podcast charts of these countries.